Kritik vun der Staatsbeamtegewerkschaft a vum Mouvement Ecologique

© Domingos Oliveira / RTL
E Mëttwoch de Moien hunn nieft den Deputéierten an der Chamber och d'CGFP an de Mouveco op dem Premierminister seng Ried zur Lag vun der Natioun reagéiert.
D'Staatsbeamtegewerkschaft kritiséiert virop den Hausse vun de Cotisatiounsjore fir d'Pensioun.
Wann d'Cotisatiounsjore progressiv eropgesat ginn, wiere besonnesch déi méi jonk Generatioune concernéiert. Si misste sech elo schonn drop astellen, méi laang schaffen ze goen. D'CGFP vermësst aner Optioune wéi alternativ Finanzéierungsquelle fir d'Pensiounskeess.
D'Annonce vum Premier géif och confirméieren, dass d'Reformpläng scho laang prett gewiescht wieren. Déi wochelaang Debatten hätten nëmmen eng Alibi-Funktioun gehat. An et géif och weisen, datt der Regierung de Sozial-Dialog zimmlech egal wier.
Weiderhi kritiséiert d'Staatsbeamtegewerkschaft, dass weider wichteg Sujete wéi d'Steierreform oder d'Logementsproblematik an der Deklaratioun ze kuerz komm wieren.
Kritik och vum Mouvement Ecologique
De Mouveco kritiséiert iwwerdeems, datt de Premier beim Finanzéiere vun der Energietransitioun an de soziale Leeschtunge praktesch exklusiv op de Wuesstem géif setzen. Eng nohalteg Politik géif anescht ausgesinn.