D’Scouten zu Lëtzebuerg hunn e Samschdeg e grousse Moment materlieft.

Bei enger feierlecher Zeremonie um Neihaischen krut den Ierfgroussherzog Guillaume – Chef Scout vu Lëtzebuerg – déi héchsten international Scoute-Auszeechnung iwwerreecht: de Bronzene Wollef.

Iwwerreechung vum Bronze Wollef / Reportage: Carla Schuller

Et ass eng rar Éier, déi nëmme wéineg Persounen op der Welt kruten. Zënter 1934 krute réischt ronn 400 Leit de Bronzene Wollef iwwerreecht. De Prënz Guillaume ass, nieft dem Nicolas Hoch, dem Jos Loos an dem Groussherzog Jean, de 4. Lëtzebuerg, deen dës Auszeechnung kritt huet. Streng Critèrë bestëmmen, wien de Bronzene Wollef kritt, erkläert de Marc Weis, President vu Scouting in Luxembourg :

"Et ass esou, dass ee muss op Weltniveau de Scoutismus promouvéieren an ënnerstëtzen. Dat si meeschtens Leit, déi dann och op Weltniveau en Engagement hunn, fir weltwäit de Scoutismus ze promouvéieren. Den aktuelle Chefscout, en ass Board Member vun der World Scout Foundation. An dat ass, wou hie sech engagéiert weltwäit fir d'Promotioun vum Scoutismus. An dann ass en eeben heiheem ganz engagéiert."

Fir de Scoutschef ass dës Auszeechnung awer och e Symbol fir d’Meritte vun de Lëtzebuerger Scouten.

“Also haut war wierklech e ganz emotionalen Dag fir mech, mat engem ganz spezielle Gedanke fir mäi Grousspapp natierlech, dee laang Joren de Bronze Wollef och gedroen huet. Et beweist dee ganz staarke Lien, dee mer mam Scoutismus hunn an et beweist awer och wéi staark de Scoutismus hei zu Lëtzebuerg ass a wéi houfreg mer wierklech op dee Mouvement kënne sinn.”

Zanter senger Kandheet ass den Ierfgroussherzog aktiv bei de Scouten an ass zanter 2019 Chef Scout. Och fir déi present Scoute war et Moment, deen hinnen ëmmer an Erënnerung bleift.