Am Fong sollt de méi zolitte Provisorium, deen d'Pontonsbréck ofléise soll, fir d'Rentrée Mëtt September opgoen, mee doraus ass näischt ginn.

Firwat genee, ass net gewosst. Bei Ponts et chaussées schwätzt ee lo vun November als neie Rendez-vous. An der Dikrecher Lokalpolitik kënnt dat iwwerdeems guer net gutt un. Hannert virgehalener Hand geet riets vun enger "Sauerei". Et ass zudeem ze héieren, datt een dovun ausgeet, datt de Provisorium esouguer réischt am Februar dat nächst Joer opgoe kéint.

Schonn zanter Abrëll d'lescht Joer ass zu Dikrech d'Foussgängerbréck iwwert d'Sauer, déi den Dikrecher Park hannert der Gemeng mam Quartier Sauerwiss verbënnt an déi Fisselsbréck genannt gëtt, zou. Dat well d'Kabelen, déi d'Bauwierk stabiliséieren, an engem schlechten Zoustand sinn.

Ronn ee Mount nodeems d'Bréck gespaart gouf, gouf direkt niewendru vu Ponts et chaussées eng Pontonsbréck en place gesat. Déi Dikrecher Gemeng hat awer schonn deemools gefuerdert, datt séier ee méi zolitte Provisorium komme sollt. D'Pontonsbréck huet nämlech den Nodeel, datt se bei Héichwaasser zougemaach muss ginn.

Mëtt dës Joers hunn op béide Säite vun der Sauer déi éischt Preparatiounsaarbechte fir déi méi grouss provisoresch Bréck ugefaangen. Dës sollten am Fong nom Congé collectif bis Mëtt September op en Enn bruecht ginn, mee deen Timing konnt net agehale ginn. Dee Moment, wou déi nei Bréck opgeet, wäert d'Pontonsbréck iwwregens rëm verschwannen.

Wéini d'Sanéierungsaarbechten un der Fisselsbréck ufänke wäerten, ass aktuell nach net gewosst. D'Bauwierk goung 1975 op, ass 70 Meter laang a besteet aus Stol a Béton armé.