Lëtzebuerg wëll sech als digitale Virreider an Europa positionéieren.

Lëtzebuerg wëll sech als digitale Virreider an Europa positionéieren a setzt am Kader vum Koalitiounsaccord 2023-2028 op dräi Prioritéiten: Donnéeën, Kënschtlech Intelligenz, kuerz KI.., a Quantentechnologie.

Digital Strategie / Reportage: Emmanuelle Schmit

K.I. als Motor fir den digitale Wandel – d’Regierung gesäit d’Kënschtlech Intelligenz als Chance fir eng Innovatioun an eng besser Gesellschaft. Mat Initiativen, wéi dem MeluXina-Supercomputer, Finanzfongen a Pilotprojeten, gëtt d'K.I. geziilt gefërdert. Wichteg wier, dass een Experten huet, genee wéi Leit, déi wëssen, wéi ee K.I benotzt. Dofir ginn elo och méi Coursen a Formatiounen ugebueden. Zil ass et, K.I verantwortlech ze benotzen  - mat konkreten Notzen am Alldag, zum Beispill an der Gesondheet oder Mobilitéit. Fir wien dat geduecht ass, dat erkläert d’Elisabeth Margue, delegéiert Medieministesch, e Méindeg virun der Press:

"Souwuel Lëtzebuerger Bierger, wéi och d'Lëtzebuerger Betriber [sinn dovu betraff], well mer eigentlech zur Konklusioun kommen, dass ee vun de Leviersen an dësem Domaine [vun der K.I.] einfach dozou kommen, dass mer d’Kënschtlech Intelligenz méi benotzen, fir se och besser ze verstoen an och kënne besser ze benotzen[...]. An dat ass wierklech d'Zil, fir souwuel de Bierger, deem et den Alldag soll vereinfachen, wéi och d’Betriber, deenen eng ganz Rei Prozesser kënne vereinfacht ginn, duerch d’Kënschtlech Intelligenz."

Ee weidere Punkt sinn d’Donnéeën – d’Datestrategie soll de Bierger méi Kontroll iwwert hir Donnéeë ginn an dem Staat hëllefen, modern an effizient Servicer unzebidden. Eng zentral Gouvernance suergt dofir, dass Donnéeë sécher, transparent a gewënnbréngend agesat ginn. Vu wat fir engen Donnéeë geschwat gëtt, dorop geet d’Ministesch fir Digitalisatioun, Stéphanie Obertin, an.

"Mir schwätzen am Fong vun all den Donnéeën, engersäits déi, déi am ëffentlech Secteur léie virun allem, mee awer och am Privatsecteur, och am Gesondheetlechen. Also global wieren dat am Fong den Privatsecteur, den ëffentleche Secteur an d'Fuerschung, déi dat benotzen."

Den drëtte grousse Sujet ass d’Quantentechnologie, déi op der Quantephysik baséiert. Dës Technologie bitt nei Méiglechkeete fir eng séier Recheleeschtung a sécher Kommunikatioun. Bis 2030 sollen éischt praktesch Uwennungen am Asaz sinn, zum Beispill fir nei Medikamenter ze fannen oder Donnéeë besser ze schützen. De Wirtschaftsminister Lex Delles erkläert:

"Bei der Quantentechnologie si mer am Moment nach ganz um Ufank vum Developpement. Dat ass e bëssi ze vergläiche mat vu virun 10 Joer mat der K.I.. Do huet och jidderee gesot: Wat ass dat doten? Ech menge wat hei, bei der Quantenstrategie ganz wichteg ass, ass dass mer bei de Firstmoveren sinn , dass mer als Lëtzebuerg also do eis Plaz op der europäescher Landkaart, mee och weltwäit op der Landkaart hunn, fir kënnen d’Quantentechnologie ze developpéieren."

Alles an allem solle fir d’Flagship-Projeten 100 Millioune Euro liberéiert ginn.