En Tëschefall mam Rettungshelikopter gouf et am Nomëtteg géint 17 Auer bei engem Asaz vun engem Autosaccident tëscht Noutem a Béiwen.

Wéi den Helikopter no der Interventioun vun der SAMU-Ekipp fortgeflunn ass, krut de Pilot mam Rotor en Aascht vun engem Stroossebam ze packen, sou datt d'Maschinn an den Desequiliber geroden ass.

De Pilot huet eng "haart Landung" op der Strooss musse maachen. Kengem vun de 4 Leit u Bord vum Helikopter ass eppes geschitt. E Patient war net an der Maschinn. Wéi et RTL géintiwwer vun de Responsabele vun der Air Rescue heescht, wier de materielle Schued um Helikopter héich. D'Maschinn gëtt depanéiert a fält fir Interventiounen aus. An engem Communiqué deelt d'Air Rescue e Freidegowend da mat, datt eng Enquête zum Virfall lancéiert gouf. Vun e Samschdegmoien u wäert iwwerdeems och schonn en Ersatzhelikopter disponibel sinn.

Beim Autosaccident waren alles an allem 3 Persounen blesséiert ginn, déi mat Ambulanzen an d'Spidol koumen. En Auto hat versicht, e Camion z'iwwerhuelen, dobäi hunn zwee entgéint kommend Autoen ausgewäicht a sinn en Hang erofgefall.

E Samschdeg géint 13.50 Auer huet d'Police gemellt, dass d'N26 nees fir den Trafic op wier.