Majoritéit géif der ASTI no fir d'Auslännerwalrecht stëmmen
Virun 10 Joer haten d'Lëtzebuerger Wieler sech däitlech géint ee Walrecht fir d'Net-Lëtzebuerger ausgeschwat.
Enger rezenter ILRES-Etüd no, am Optrag vun der ASTI, huet sech d'Meenung vun de Wieler allerdéngs geännert. Eng Majoritéit vun de Wieler géif deemno haut mat "Jo" stëmmen. D'ASTI, also d'Association de Soutien aux Travailleurs Immigrés, huet op enger Pressekonferenz e Méinden ënnert anerem gefuerdert, datt och Net-Lëtzebuerger d'Walrecht bei de Chamberwale solle kréien. Dat och, fir déi demokratesch Legitimitéit vum politesche System zu Lëtzebuerg ze stäerken.
D'Demokratien weltwäit stéingen ënner Drock an et misst een elo déi richteg Jalonen setzen, fir d'Demokratie och hei zu Lëtzebuerg méi inklusiv a méi legitim ze maachen. Der ASTI no sollt een dofir och den Net-Lëtzebuerger ënner gewëssene Konditiounen d'Recht ginn, fir bei de Chamberwalen mat ze wielen, esou d'Claire Geier, d'Vize-Presidentin vun der ASTI.
"Mir hunn am Fong keng Majoritéit, et ass e bësse 50/50 Prozent vun den Auslänner an de Lëtzebuerger. Mee et ass ee Fait, datt mir elo wëssen, datt mir méi a méi, et ass eng Urgence kann ee soen, datt d'Net-Lëtzebuerger eng politesch Participatioun sollen hunn an dat feelt nach, dat hu mir nach net."
Beim Referendum 2015 hate sech 80 Prozent géint d'Auslännerwalrecht ausgeschwat. Eng rezent Etüd vun der ILRES, déi am Abrëll gemaach gouf, weist awer, datt d'Resultat haut warscheinlech en anert wier. 58% vun de Wieler wieren der Etüd no elo nämlech dofir. An där Ëmfro hunn och Residente matgemaach, déi net Lëtzebuerger sinn, a wann ee si matrechent, wieren esouguer 66% dofir. Dëst Resultat ass zu engem groussen Deel och op déi demografesch Entwécklung aus de leschten 10 Joer zréckzefeieren, esou de Charles Margue, Member vum Verwaltungsrot vun der ASTI.

© Céline Eischen
"Wat d'Wiele vun den Net-Lëtzebuerger ugeet, ass de Mouvement zimmlech staark. Wann ech dat duerch déi verschidden Elektorate kucken, just op engem Bord, dann huet sech do munches gewandelt. An dat op engem Hannergrond: Wa mir eis alleguer an d'Gesiicht kucken a gesinn, wien nieft mir wunnt oder mat wiem ech schaffen oder sou weider, dass dat Land net méi dat selwecht ass wéi virun 10 Joer."
D'ASTI fuerdert dofir konkret, datt all d'Residenten ënner gewëssene Konditiounen d'Walrecht sollten hunn. Och proposéiert d'ASTI d'Schafung vun enger Bierger-Chamber, déi, änlech wéi déi aner professionell Chamberen am Land, Avisen a Propositiounen zu de Gesetzestexter soll ausschaffen. Der Claire Geier no wier et elo dee richtegen Zäitpunkt, fir iwwer dës Proposen ze diskutéieren.
"Mir sinn der Meenung, datt de Moment do ass. Well d'Diversitéit esou grouss ass, wësse mir, datt se an Zukunft nach méi grouss wäert sinn, ganz sécher. A mir hunn och bemierkt, wéi komplizéiert d'Situatioun ass. An an den anere Länner, wa mir nëmmen d'Nopere kucken. A mir sinn der Meenung, elo ass dee gudde Moment, fir ouni eng échéance électorale iwwert dës Sujeten ze schwätzen."
Dofir organiséiert d'ASTI elo am Juni eng Rëtsch Konferenzen an Evenementer, fir den Debat zu dësem Sujet opzemaachen. Déi grouss demographesch Diversitéit wier eng Chance fir de Grand-Duché an dofir misst een och sécherstellen, datt de gesellschaftlechen Zesummenhalt erhale bleift. Fir d'ASTI heescht dat also méi politesch Inclusioun fir d'Residenten alleguer.