Ëmmer méi Leit packen de praktesche Fürerschäin-Examen net
Dëst hätt vill Grënn, ënnert anerem ass d'Federatioun vun de Farleerer der Meenung, dass 16 praktesch Stonnen net méi duerginn.
Ass den aktuelle Fürerschäi-System nach zäitgemäss? Eng Fro, déi ëmmer nees opkënnt – besonnesch nodeems rezent bekannt gouf, datt d’lescht Joer bal all zweet Persoun, déi de prakteschen Test um Auto, Moto oder soss engem Gefier gemaach huet, duerchgefall ass.
Mëttegstonn zu Hesper. De Verkéier rullt. Et ass eng vun de wéinegen Zäiten am Dag, wou de Farschüler a senge bezuelte Stonnen net onnéideg Zäit am Stau verléiert – mee effektiv och vun der Plaz kënnt. Mir si beim Tom Wagner zu Besuch. Hie schafft zanter 23 Joer als Farleerer a mécht e kuerzen Tour mat engem Schüler aus senger Farschoul. Den Alldag haut fir dës wier net méi mat deem vu virun 20 Joer ze vergläichen. "Et war vill méi entspaant", esou de Farleerer. "Mir hate vill manner Gefierer op der Strooss. Dat mécht et natierlech fir e Jonken enorm schwéier, fir do nach eng kéier eranzekommen. Wéi eis Elteren de Fürerschäi gemaach hunn, goufen et keng, bis kaum, Kreesverkéieren. Mëttlerweil schwätze mer vun Turbo-Rond-pointen. Dat heescht, och do huet de Verkéier sech enorm entwéckelt. A fir e Jonken, deen nach ni Auto gefuer ass, ass dat enorm schwéier."
De Prozentsaz un Echecken am prakteschen Exame klëmmt, op mëttlerweil 46,8%. Ma Grënn heifir ginn et sëllegen: den Trafic, komplex Assistenzsystemer am Auto an: "Mir hu vill Leit, déi aus Net-EU-Länner op Lëtzebuerg kommen. Déi mussen, wa se schonn e Fürerschäin hunn, keng Theorie oder Praxisstonne maachen a kënnen direkt an de prakteschen Examen", erkläert den Tom Wagner. "Déi Leit falen och an dës Statistik eran. Déi Leit kennen dacks awer eise Code de la Route net richteg a packen den Examen net."
D’Zuel u schwéieren Accidenter op de Stroosse klëmmt. Tëscht 2010 an 2023 ëm 31% op 336 Stéck virun 2 Joer. Eng besser, méi modern Virbereedung op de Fürerschäin soll deem och entgéintwierken – esou de Mobilitéitsministere. An deem Kontext waart een den Ament op eng EU-Direktiv, déi deemnächst soll publizéiert ginn, fir dann och zu Lëtzebuerg ëmzeorganiséieren, esou d’Yuriko Backes, d’Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, rezent an hirer Äntwert op eng Question Parlamentaire vum Sven Clement (Piratepartei). "Dofir ass et wichteg, dass d’KandidatInnen méiglechst gutt an der Fürerschäinsausbildung op dës nei Begebenheete virbereet ginn. Eng nei europäesch Fürerschäinsdirektiv ass um Punkt, fir publizéiert ze ginn. Dës gesäit och Ännerungen an der Fürerschäinsausbildung vir, ënnert anerem fir och dësen neien Erausfuerderunge Rechnung ze droen."
"16 praktesch Stonne ginn net méi duer."
Zanter 30 Joer muss ee 16 praktesch Stonnen huelen, fir an den Exame fir den Autospermis dierfen ze goen. Dat geet – hautzedaags - net méi duer, esou d’Federatioun vun de Farlehrer. An engem Aarbechtsgrupp soll mam Ministère no Optimiséierungsméiglechkeete gesicht ginn – ënner anerem richteg Trainingsparkingen, esou den Tom Wagner: "Mir hunn aktuell éischt Farstonnen, wou mer gezwonge sinn, op ëffentleche Parkingen oder a Citéë mat Farschüler ze trainéieren. Du weess entweder net, wéi laang s de do däerfs sinn oder et gëtt een och emol vun Noperen aus de Citéë gefrot, fir ze goen, well ee géif steieren. Also hues de dacks just d’Méiglechkeet, déi éischt Farstonnen direkt am Stroosseverkéier ze verbréngen. Dat ass menger Meenung no net méi zäitgeméiss. An Däitschland hu se scho laang zum Beispill Parkingen, wou ee mat Schüler kann trainéiere goen."
D’Kritik, datt méi Farstonne just méi Sue géifen an d’Keese vun de Farschoule spullen, weist d’Federatioun iwwregens zeréck. Déi meescht Farschoulen zu Lëtzebuerg wieren ausgelaascht an e Farlehrer dierft net méi ewéi 9 Stonnen den Dag schaffen an och hei wier et net einfach, neit Personal ze fannen.