All Joers ass op Päischtdënschdeg zu Éiere vum Hellege Willibrord déi traditionell Sprangpressessioun.

D'Editioun 2025 steet dobäi ganz am Zeeche vum 80. Jubiläum vun der éischter Pressessioun nom Enn vum zweete Weltkrich. Wéi um Site vun der Iechternacher Gemeng ze liesen ass, hätt d'Editioun 2025 dowéinst och eng national Dimensioun. Dat géing sech och doduerch weisen, dass déi ierfgroussherzoglech Koppel d'Invitatioun ugeholl huet, a bei der Pressessioun sur Place ass.

D'Erëffnungsmass vun der Sprangpressessioun 2025 war schonn op Päischtméindes um 20 Auer owes. Dës gëtt vum Tréierer Bëschof  Stephan Ackermann gehalen.

Op Päischtdënschdeg selwer treffen déi éischt Pilger dann um 5.15 Auer zu Iechternach an.

De kompletten Detail vum Oflaf kënnt Dir hei noliesen.

Andréck vun der Sprangpressessioun 2024