Zu Réiden op der Atert huet sech alles ëm d'Fraen a Männer an Uniform gedréit
D’Journée de la Police lackelt all zwee Joer sëllege Visiteuren un... Och nees dëst Joer.
Zu Réiden goufen et haut sëllegen Demonstratiounen, Informatiounsstänn, souwéi Material a Gefierer goufe presentéiert.
De Michel Buschmann vun der Police Air Support-Unitéit: “Den Helikopter hu mer fir déi generell Missiounen. Et ass eng kéier d’ofséchere vun de Grenzen wou mer preventiv duerch d’Land Patrulle fléien. Da fléie mer Géigende reegelméisseg of wéi et méi héich Konzentratiounen un Abréch gëtt. Mee mir maachen och vill Vermësstemeldungen. Mir fléie d’Joer eng 600 Stonnen. Opgedeelt op eisen 2 Helikopteren.”
De ganzen Dag iwwer goufen zu Réiden déi verschiddenst Aspekter vun der Police deem breede Publik presentéiert. Ee vun den insgesamt 2 Helikopteren, Dronen, Motorrieder a ganz séier Policeautoe aus Italien suerge fir grouss Aen – besonnesch och bei de jéngsten, mee och bei de méi ale Spectateuren.

De Frank Stolz, Spriecher vun der Lëtzebuerger Police:
"Mir wëllen op sou engem Fest wéi deem heiten, wëlle mer de Leit weisen, wat d’Police ass. Mat senge verschiddenen Unitéiten, mat senge verschiddene Servicer. Mir hunn eng grouss Diversitéit an der Police. Den Interêt ass natierlech och ëmmer de Rekrutement bei eis. Mir sichen all Joer iwwer 200 Leit an op sou engem Dag kann een de Leit perfekt all seng Beräicher weisen."
Lénks a riets goufen et eng sëllegen Demonstratiounen. Nieft enger vun der Spezialunitéit, och déi vun der Hondsstaffel. E geféierlech Personnage iwwerwältegen oder och Drogen an enger Täsch identifizéieren. Zu Lëtzebuerg sinn den Ament 16 Hënn fir d’Unitéit am Asaz.
De Christian Vanwissen, Chef vun der “Section canine”:
"Et kënne ganz verschidden Ursaache sinn, fir déi eis Hënn an den Asaz kommen. Zum engen bei Perquisitiounen no Drogen, e verdächtege Koffer mat Sprengstoff oder nuets, wann Abriecher fort sinn oder Leit vermësst ginn. Wa Beamten eis dobaussen eis als Ënnerstëtzung brauchen da komme mer."
Den Hond aus der Staffel gëtt mat engem Joer ukaf – fir och sécher ze goen, datt e kierperlech gesond ass. Hei variéieren d’Präisser an dës kennen och emol bis 6000 Euro goen. D’Ausbildung dauert ongeféier e Joer. Vun der Grondausbildung bis zur Spezialisatioun. Den Hond bleift, och no senger Pensioun, mat 10 Joer beim Meeschter. D’Hënn sinn en essentielen Deel bei der Kriminalitéitsbekämpfung.
"Mir haten elo nach e Geldhond deen hat an engem Safe deen an der Mauer verstoppt war hat deen e puer Dausenden Euro fonnt. Déi de Beamten u sech esou ni hätt kéinte fannen. Oder wa mer an der Nuecht Täter hunn, déi fortlafen. Elo rezent zum Beispill bei der Sprengung vum Bankomat zu Keel, wou ee vun den Täter fortgelaf ass, konnt den Hond d’Spuer vun deem ophuelen."
Den Dag vun der Police ass all 2 Joer, ëmmer Ugangs Juni, an Hondsmeeschtere ginn och reegelméisseg gesicht. Avis aux amateurs.