E Liewen am Asaz fir Demokratie a Rechtsstaatlechkeet
Zwee Deeg laang war den italieenesche President Sergio Mattarella op Staatsvisitt am Grand-Duché.
"Grazie presidente!" Direkt um Ament, wou de Sergio Mattarella virum Palais mat militäreschen Éiere vum Grand-Duc empfaange gouf, war ze spieren, datt net egal wat fir en italieenesche Politiker op Visitt hei zu Lëtzebuerg wier. Och mat 83 Joer ginn dem Sizilianer seng Popularitéitswäerter weider am Stiwwel duerch de Plaffong.
En Dënschdeg den Owend stoungen en éischt Gespréich mam Grand-Duc an de Gala Dîner am Palais um Programm. E Mëttwoch hu politesch Rendez-vousen d'Agenda dominéiert. Mat enger Entrevue an der Chamber, wou net all Dag Staatscheffen empfaange ginn.
"D'Chamber ass do, wou d'Demokratie lieft. An dat Symbol war wichteg. Dat, wat mer schwätzen, dat ass haaptsächlech, den Tour vun deene groussen internationale Problemer ze maachen, Positiounen ze erklären. Dat ass dat, wat mer och haut gemaach hunn. D'Zäit war kuerz, well an deene Visitten d'Zäit ëmmer vill ze vill kuerz ass.", esou de Chamberpresident Claude Wiseler.
An d'Politik koum de Sergio Mattarella op tragesch Aart a Weis. 1980 gouf säi Brudder, deemools Buergermeeschter vu Palermo, vun der Mafia erschoss. En Dag, op deem de Sergio decidéiert huet, sech net kleng kréien ze loossen. Ma sech fir Recht a Gerechtegkeet anzesetzen.
"An dat kënnt och ganz kloer a senge Messagen eriwwer. D'fundamental Wäerter, d'Demokratie, d'Rechtsstaatlechkeet a Respekt dovunner, dat si Valeuren, déi mer voll, voll mat him deelen.", esou de Claude Wiseler wieder.
Wierder, deene sech och de Premier de Mëttwoch de Moien ugeschloss huet. De Luc Frieden huet drun erënnert, datt Italien en historesche Partner vu Lëtzebuerg ass. Am Gespréich war ënner anerem Europa en Thema. D'Wäerter an der Politik, déi dem Sergio Mattarella esou wichteg sinn, missten héichgehale ginn, esou de Premier.
"Seng Liewensgeschicht ass dat, wat erkläert, firwat een Europa muss zesumme maachen. Si hunn intern deemools misse kämpfe géint d'Forcen, déi wollten Italien zerstéieren. A säi Brudder ass dobäi esouguer ëmkomm. Mee wat mech och impressionéiert, ass, datt de President Mattarella a sengem Alter, en ass iwwer 80 Joer al, decidéiert huet, sech weider fir säi Land ze engagéieren. Fir datt dat Fundamentaalt, wat e Land zesummenhält, jo déi Grondwäerter, déi een huet, datt déi och géingen a sengem Land weider liewen. An e bréngt déi och no baussen. An dofir mengen ech, kann en eng Inspiratioun si fir vill aner politesch Leaderen an der Welt."
Op en Enn goung d’Staatsvisitt mat enger Receptioun a Presenz vum Grand-Duc a Vertrieder vun der italieenescher Communautéit hei zu Lëtzebuerg.