Am Februar hat de Staatsministère en Appell fir Kandidature lancéiert, fir via déi sougenannt DAB+-Norm ze senden.

No engem Evaluatiounsprozess an nom Avis vun der Autoritéit fir audiovisuell Medien ALIA goufen 12 Kandidaturen zeréckbehalen. Zu dësen zielen eng Rei Offere vun RTL, wéi zum Beispill RTL Radio Lëtzebuerg oder och den Today Radio, deen zanter dem 1. Mäerz 2022 seng Contenuen als eenzegen am Grand-Duché zu 100 Prozent op englesch diffuséiert. Déi éischt Operateurslizenz goung un de Broadcasting Center Europe, kuerz BCE.

D'Lëscht vun de Radiosenderen, déi zeréckbehale goufen:

  • Crooner Radio
  • Eldoradio
  • L’essentiel Radio
  • LOR’FM
  • Nostalgie Luxembourg
  • Opus 100,7
  • Radio 100,7
  • Radio ARA
  • Radio Latina
  • RTL Deutschlands Hit-Radio
  • RTL Radio Lëtzebuerg
  • Today Radio

RTL Radio Lëtzebuerg kënnt Dir och um RTL Play lauschteren. Fir den Today Radio ze lauschteren, klickt op dëse Link.

RTL

Logo vum DAB+ / © Service des médias, de la connectivité et de la politique numérique