Zeie gesicht vun engem Accident am Eecher Bierg
© rtl.lu
Et geet ëm en Incident vum 20. September, wéi et nuets zu engem Accident komm war. De schëllege Chauffer war net stoe bliwwen.
A Richtung Beggen war et géint 2.30 Auer am Eecher Bierg, op der Héicht vun der Rue Laurent Ménager, zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoe komm. Dem Affer war d'Virfaart geholl gi vun engem aneren Automobilist, deen nom Accrochage awer net stoe bliwwe war. Eng Persoun war bei dësem Zesummestouss liicht blesséiert ginn.
Beim flüchtege Gefier kéint et sech ëm eng schwaarz Mercedes A-Klass handelen. De concernéierte Chauffer oder Zeien, déi nëtzlech Informatioune kéinten hunn, solle sech um Policebüro um Lampertsbierg mellen ënnert der Telefonsnummer (+352) 244 48 1000 oder op der E-Mail-Adress u police.limpertsberg@police.etat.lu.