Vu Juli u gëtt et éischt Evenementer a fir den 18. September ass déi offiziell Ouverture vun der éischter Phas geplangt.

Déi Datumer deelen déi Responsabel an engem Communiqué mat.

D'Bedreiwer beschreiwe GRDIX als en Zentrum mat Espacen, déi Mobilitéit, Commercen, Gastronomie, Kultur, Sport an den Evenementiel ënnert een Hutt soll bréngen, dat op 42'000 Meter Carré. D'Gebai ass bal net z'iwwersinn, virun allem wann een op der Escher Autobunn ënnerwee ass.

An der éischter Phas, deemno am Juli dëst Joer, geet et lass mat enger Partie Eventer ënnert dem Motto "Summer Lounge". D'Konzept ass ausgeluecht souwuel fir B2B (Business to Business), grad ewéi B2C (Business to Customer). Et kritt een hei en éischten Avant-Goût vun deem, wat an deem risege Komplex wäert méiglech sinn. An deem Kader ass et dann och d'Ouverture vum sougenannte "Business Center". Hei ginn et 13 equipéiert Raimlechkeeten, grad ewéi ee Coworking-Beräich, d'Event Hall mat enger Kapazitéit fir 1.200 Persounen, an net ze vergiessen, den Hotel mat 133 Zëmmeren.

Eng offiziell Ouverture vu GRIDX an der Phas 1 ass da fir den 18. September 2025 geplangt, wou een dann déi verschidden ëffentlech zougänglech Beräicher kann entdecken.

Schrëtt fir Schrëtt

Et kënnt an Zukunft zu weidere "Launch-Eventer", wou dann déi ënnerschiddlech Branchen am GRIDX déi néideg Opmierksamkeet kréien. Sieft et Gastronomie, Mobilitéit, Kultur, Innovatioun, Sport, Ënnerhalung oder Shopping. Hei sollen dann och déi divers Entreprisen an Zeen gesat ginn, déi ënnert dem risege Komplex en neit Doheem fonnt hunn, respektiv hir Servicer och do ubidden.

Bis September sollen eng 28 Firmen hir Ouverture feieren. Dat geet vun Autosmarken, iwwer Bluttanalyse, Karaoke, Hotelsschoul, Gastronomie bis Immobilien, Konscht oder Optiker.

Spéider sollen dann nach weider Firmen hir Ouverture feieren. Hei kënnt dann e weidere Restaurant, et wäert Konscht ausgestallt ginn, Sport a Wellness ginn ugebueden an et wäert eng Auto-Galerie hir Exponate weisen, mat an enger éischter Phas enger grousser Ausstellung ronderëm den Ayrton Senna.

Hei ee Reportage aus dem Abrëll 2024 iwwer d'Konstruktioun vum Projet