Déi eenzeg Steierklass, esou ewéi de Finanzminister se als Piste ausgeduecht huet, werft nach eng Rei technesch Froen op, esou d'Oppositioun.

Dat soten d’Oppositiounsparteien no hire Reunioune mam Gilles Roth. D’LSAP an déi Gréng begréissen awer vum Prinzip hier, d’Iddi fir e Barème Unique anzeféieren. D’ADR, déi der Individualiséierung kritesch géintiwwer ass, sot e bëssen iwwerraschend, datt se mat de Propose vum Finanzminister kéint liewen.
 
Den LSAP-Deputéierte Franz Fayot an d’gréng Deputéiert Sam Tanson hu sech am RTL-Interview ënnert anerem gefrot,  ob d’geplangten Transitiounsphas fir d’Steierklass de Prinzip vun der Gläichheet virum Gesetz erfëlle géing. Dem Franz Fayot feelt et am neie Steierbarème, esou ewéi de Finanzminister e presentéiert huet, besonnesch u méi sozial Gerechtegkeet.
 
Hien an d’Sam Tanson vermëssen och nach ëmmer all Zort vu "Géigefinanzéierung" fir Steiererliichterungen. D’gréng Deputéiert huet gewarnt, et soll een net "bei déi Falsch" duerno d’Sue siche goen, wa se am Budget feelen. D’Sam Tanson sot dann och, datt een d’Situatioun mat de Kanner misst besser berécksiichtegen. De Minister wier do "ganz oppe" gewiescht, fir iwwert aner Pisten nozedenken.
 
Och d’ADR seet d’Zuel vun de Kanner soll steierlech consideréiert ginn. Den ADR-Fraktiounschef Fred Keup war no senger Reunioun mam Minister och méi positiv, ewéi mir eis et erwaart haten. Am ADR-Walprogramm steet nämlech, datt se "géint eng steierlech Ofschafung vun der Famill iwwert eng komplett Individualiséierung vum Steiersystem" ass. Haut sot de Fred Keup awer seng Partei kéint mam Barème, deen hie presentéiert krut, liewen, well et fir vill Leit Entlaaschtunge ginn a keen um Enn vum Dag méi Steiere soll bezuelen.

Frieden kéint sech "eng Scheif ofschneiden"

Déi 3 Deputéiert wäerten d’Proposen vum Finanzminister nach méi genee ënnert d’Lupp huelen an en Dënschdeg ass de Barème unique och Thema an der Chamber Finanzkommissioun.
 
D’Sam Tanson an de Franz Fayot hunn awer scho Mol de Gilles Roth besonnesch dofir gelueft, well de Minister se invitéiert huet. Den LSAP-Deputéierte ass esouwäit gaangen ewéi ze soen, datt de Finanzminister "besser" wier ewéi de Premier Luc Frieden an dee kéint sech  "eng Scheif dovunner ofschneiden".