Entlaaschtunge fir Steierklass 1 an Transitiounsphas fir 2

© Envato Symbolbild
Aus den dräi Steierklasse soll eng eenzeg ginn - e Barème unique, mat haaptsächlech Entlaaschtunge fir d'Jonggesellen.
D'Oppositiounsfraktiounen an der Chamber kruten eisen Informatiounen no e Freideg éischt Piste vum Finanzminister Gilles Roth presentéiert. Pisten, fir d'individuell Besteierung ëmzesetzen, esou ewéi déi zwee viregt Regierungen an déi aktuell sech et virgeholl haten.
Et gouf nach kee Projet de loi deposéiert an e Barème unique kéint wéi et heescht fréistens 2028 Realitéit ginn.
Den neie Barème unique, eng eenzeg Steierklass also, soll sech un der Steierklass 1A orientéieren. Esou wéi de Finanzminister Enn Mäerz bei eis op RTL fir d'éischt schonn ugedeit hat.
An där Klass sinn elengerzéiend Leit, Leit vu 65 Joer un, oder nach gescheete Leit a Wittleit, dräi Joer nodeems si an hir nei Situatioun komm sinn. De Barème vun der Steierklass 1A ass dee mat der stäerkster Progressioun, also wou d'Tauxen am séierste klammen. E gouf awer Ufanks vum Joer entlaascht, notamment andeems zwee nei Tranchen agefouert goufen.
Entlaaschtunge fir 1 an Transitioun fir 2
An der Steierklass 1A bezilt ee manner Steiere wéi an der Steierklass 1, mee méi ewéi an der Steierklass 2. Et leeft also dorobber eraus, datt d'Jonggesellen, d'Steierklass 1, am meeschte géinge steierlech entlaascht ginn. Ëm wéi vill hänkt natierlech dovunner of, wéi vill ee verdéngt. Beispillsweis kann et fir e Joresgehalt vu 50.000 Euro Brutto, eng Entlaaschtung vu ronn 2.500 Euro sinn, wat der Hallschent vum aktuellen Tarif entsprécht. Bei engem Revenu vu 75.000 Euro ass et en änleche Montant, mee deemno proportional manner Entlaaschtung.
Eng geschate 40 Prozent vun de Leit aus der Steierklass 2, kéinten awer méi Steiere musse bezuelen(*). Dat hänkt dovunner of, wéi grouss den Ecart tëscht de Revenue vun de Partner ass. Dowéinst soll et fir déi Betraffen eng Transitiounsphas ginn, sou wéi de Gilles Roth et am Mäerz bei eis erwäänt hat. Déi Phas soll eisen Informatiounen no 20 Joer laang daueren. Dëse Punkt werft eiser Aschätzung no juristesch Froen op an dierf fir vill Diskussioune suergen.
Wat och fir vill Diskussiounen dierft suergen, ass d'Fro, wéi vill Suen de Staat duerch d'Individualiséierung manner erakritt. Virun dräi Joer hat d'Steierverwaltung an der Chamber Finanzkommissioun geschat, datt wa jiddereen an d'Steierklass 2 géing goen, den "déchet fiscal" (Suen, déi duerch d'Upassungen net méi an d'Staatskeese fléissen) bei 1,9 Milliarden Euro géing leien. Mat jidderengem an der Steierklass 1A wier den "déchet" deemno - graff geschat - ëm hallef esou héich, also ënnert enger Milliard. E méi héije Spëtzesteiersaz (aktuell läit dee bei 42 Prozent), huet dës Regierung ausgeschloss.
Nach kee Projet de loi, just Pisten
Net gewosst, ass och, wéini déi nächst Upassunge vum Barème un d'Inflatioun geplangt sinn. D'CSV-DP-Regierung huet d'Tabellen d'lescht Joer ëm 4 Indextranche berengegt an dëst Joer nach emol ëm 2,5 Tranchen. Fir d'Tabelle ganz ze berengegen, misst se nach ëm weider 2,5 Tranche berengegt ginn. All déi aner Dispositiounen, wéi zum Beispill déi, déi de Kanner Rechnung droen an aner Abattemente, Exoneratiounen, Bonifikatiounen, Deductiounen oder Steierkreditter solle weider bestoen ewéi elo.
De Grondgedanke fir d'individuell Besteierung ass et, den neie Realitéiten am Familljeliewe Rechnung ze droen: et soll keng Roll méi spillen, ob ee bestuet, gepacst oder Single ass. Et soll och méi Stabilitéit schafen. Steierzueler sollen net méi an aner steierlech Situatioune kommen, wa se sech scheede loossen, e Partner stierft oder Jonggesellen 65 Joer kréien. D’Individualiséierung stellt op Dauer och eng Vereinfachung fir gewëss Leit an der Steierklass 2 duer, well se keng Sue méi missten zeréckbezuelen. Se wier och eng Vereinfachung vun der Aarbecht fir d'Verwaltungen.
D'Fraktioune kruten e Freideg wéi gesot konkret Piste presentéiert, en Dënschdeg sinn et dann d'Deputéiert an der Chamber Finanzkommissioun. De Gilles Roth hat bei eis am Mäerz och betount, hie wéilt de Barème unique och mat de Sozialpartner diskutéieren.
De Finanzministère wollt à ce stade keng weider Informatioune ginn a verweist op e "Consultatiounsprozess".
*An enger éischter Versioun hate mer geschriwwen, datt bestuete Leit mat 65 Joer an d'Steierklass 1A kommen. Just Leit, déi net an der Steierklass 2 sinn, kommen an d'1A wa se 65 ginn. Pardon fir de Feeler.