Dausende Leit sinn e Samschdeg an d'Stad komm, fir géint d'Politik vun der aktueller Regierung ze manifestéieren.

De Front syndical wiert sech massiv géint d'Pläng vun der Regierung a punkto Pensiounen, Ouvertureszäiten am Commerce, Sonndesaarbecht a Kollektivverträg. D'Gewerkschafte wëllen net méi nokucken, déi an hiren Aen neo-liberal an anti-sozial Politik vun der Regierung misst direkt gestoppt ginn.

D'Stroosse vun der Stad stoungen e Samschdeg de Moien an de Mëtteg dann och ganz am Zeeche vun der grousser Manifestatioun vun der Gewerkschaftsfront, déi vun enger leschter Warnung schwätzt. Vun der Gare goung et duerch d'Nei Avenue an iwwert d'Nei Bréck bis op de Knuedler, wou d'Riede gehale goufen - mat klore Fuerderungen a martialeschen Téin.

E Stëmmungsbild vun der Maniff an der Stad / Marc Hoscheid

Ënnerschiddlech Zuelen

OGBL an LCGB gi vun iwwer 25.000 Leit aus a soe sech zefridden. Informatioune vun der Police no dierften op alle Fall déi viséiert 12.000 bis 14.000 Leit erreecht gi sinn.

D’Gewerkschaften Aleba, NVGL, NGL-Snep hate sech der Maniff ugeschloss genee esou wéi eng ganz Rëtsch Gewerkschaften aus der Groussregioun an den Europäesche Gewerkschaftsbond. Associatioune vun Amiperas bis Greenpeace hunn och mat manifestéiert.

D’Union des syndicats hat och d'Ënnerstëtzung vun der KPL a vun allen Oppositiounsparteien aus der Chamber, ausser der ADR.

"Sozialdialog futti maachen"

"Mir wëlle bleiwen, wat mer sinn: eng oppen, tolerant an demokratesch Gesellschaft", sou d'OGBL-Presidentin Nora Back an der Mëttesstonn um Knuedler. Et géif een déi kal an intolerant Politik vun der Regierung net acceptéieren, déi unilateral géing Decisiounen huelen an de Sozialdialog futti géing maachen.

60 Joer Kollektivverträg géingen op d'Mëscht geheit ginn, sou den LCGB-President Patrick Dury. Am Dossier Pensioune géif d'Regierung "kapplos" handelen. De Premier géing d'Land als e grousse Betrib a sech selwer als grousse CEO gesinn. D'Mënsche wiere just eng Wuer, déi schaffe soll an de Mond soll halen, sou de Patrick Dury weider.

“D’Regierung muss d’Kéier kréien”

D'Regierung hätt am léifsten, d'Gewerkschafte wieren iwwerhaapt net méi do. Et géing ee sech de Lëtzebuerger Sozialmodell awer net vun engem Luc Frieden oder Georges Mischo futti schloe loossen, sou de Message um Knuedler.

Eng Regierung, déi net méi d'Interête vum Land a vun de Leit géing vertrieden, déi kéint just nach zerécktrieden, sou d'Nora Back. "D’Regierung muss d’Kéier kréien."

Den LCGB-President Patrick Dury sot, d’Manifestatioun soll dem “CEO” Luc Frieden eng Warnung sinn.

Rendez-vous den 9. Juli?

D'Gewerkschafte soten sech op hirer Maniff op alle Fall prett, fir bis op d'Äussert ze goen.

D’Union des Syndicats huet nach net iwwert d’Invitatioun vum Premier un d’Sozialpartner fir den 9. Juli decidéiert. Et géif ee sech elo no der Maniff concertéieren.

D’Nora Back sot: "Mir ginn an all Form vu Sozialdialog, wann et e seriöe Sozialdialog ass, wann net am Ordre du jour scho quasi d’Resultater sollen dra stoen, wa mer op Aenhéicht kënne mateneen diskutéieren. Da gi mer."

D'Staatsbeamtegewerkschaft CGFP hat jo schonn annoncéiert, sech den 9. Juli mat Regierung a Patronat un een Dësch ze setzen.

De kompletten Detail fannt Dir an eisem Liveticker.

De Luc Frieden ass um Samschdegowend och Invité am Journal vun der Tëlee ëm 19.30 Auer. Och en direct op RTL PLAY ze kucken an dono natierlech am Replay.

Déi komplett Gewerkschaftsrieden nach eng Kéier am Replay