Am Virfeld vun der Luxembourg Pride Week hu mir mam Andy Maar vu "Rosa Lëtzebuerg" iwwer d'Situatioun vu der queerer Communautéit zu Lëtzebuerg geschwat.

De Weekend ass den Optakt vun der Luxembourg Pride Week. Vum 5. bis den 13. Juli gëtt zu Lëtzebuerg déi queer Kultur gefeiert. Ma wéi den Andy Maar vun der ASBL "Rosa Lëtzebuerg" erkläert, hätt d'Pride doriwwer eraus ëmmer schonn eng politesch Dimensioun gehat:

"Ma, also eng Pride ass ëmmer schonn eppes Politesches gewiescht. Dofir ass et extreem wichteg, dass mer haut nach ëmmer eng Pride hunn. Politesch aus där Hisiicht, dass mir als Community op d'Strooss gaange sinn, fir eis Rechter ze kämpfen, awer gläichzäiteg och fir Visibilitéit fir déi queer Community anzefuerderen an ze demonstréieren, mee awer och fir queer Kultur ze zelebréieren an déi mat der gesamter Gesellschaft ze deelen."

D'Situatioun vun der queerer Communautéit zu Lëtzebuerg an an Europa

Wat d'Rechter vun den LGBTIQ+-Persounen zu Lëtzebuerg betrëfft, stellt den Organisateur vun der Pride Week iwwerdeems fest, dass et zanter dem Gesetz iwwert den Homosexuelle-Mariage virun zéng Joer, hei am Land zu engem Stëllstand komm ass. Positiv wier allerdéngs, dass déi allgemeng gesellschaftlech Akzeptanz fir queer Persounen zanterdeem gewuess wier:

"Et sinn elo net méi ganz vill Gesetzesinitiative komm, déi d'Gesetz, déi d'Situatioun vun LGBTIQ+-Mënschen zu Lëtzebuerg signifikant verännert hätten. Par contre hu mer gemierkt, dass et vill méi eng grouss Akzeptanz gëtt. Et ass och sou, dass zum Beispill de Ministère fir d'Geschlechtergläichheet an d'Diversitéit extreem d'queer Kultur, d'queer Community ënnerstëtzt. Awer am Niveau vun de Rechter hu mer nach ganz vill opzeschaffen. An den 'ILGA Europe Rainbow Index', deen all Joers eraus kënnt, weist op en Neits, dass Lëtzebuerg e bëssen abéisst. Net well d'Situatioun sech verschlechtert hat, wéi ech virdru gesot hunn, stagnéiert se. Mee well aner Länner vill besser ginn."

Wärend d'Situatioun vun LGBTIQ+-Persoune sech a verschiddenen EU-Länner verbessert huet, stellt een op anere Plazen awer och eng Verschlechterung fest. Dat prominentste Beispill ass Ungarn, wou d'Partei Fidesz vum Premier Viktor Orban déi lescht Editioun vun der Pride -Parad an der Haaptstad Budapest fir illegal erkläert huet. Et bräicht een awer net bis an d'Ausland ze goen, fir ze gesinn, wéi verschidden Acteure versichen, d'Rad a Saachen Akzeptanz vu queere Leit zeréckzedréinen:

"Mir haten nach virun engem Joer d'Situatioun, dass mer zu Lëtzebuerg eng Petitioun haten géint LGBTIQ+-Contenu an de Schoulen. An do huet een och gemierkt, dass dat och orchestréiert ass, dass do eng Beweegung dohannert ass, déi dat och organiséiert virundreiwe wëll."

Eng Partie Fuerderungen um politesche Plang

Aus dëser Perspektiv wier d'Pride dann och wichteg, well um politesche Plang nach vill Saachen zu Lëtzebuerg ëmzesetze wieren. An deem Kontext huet Lëtzebuerg och eng ganz Rëtsch Fuerderungen un d'Politik. 40 sinn et der am Ganzen, vun deene si der fënnef am Kader vun der Pride besonnesch an d'Vitrinn stellen. Eng dovunner betrëfft d'Rechter vun intergeschlechtleche Persounen:

"Wat konkreet muss verbessert ginn, wou mer scho laang dat fuerderen. Dat ass zum Beispill, dass et e Verbuet vun netmedezinnesch noutwendegen Operatiounen u mannerjäregen intergeschlechtleche Kanner soll ginn, ouni där hiren informéierte Konsens natierlech."

Iwwerdeems misst sech um Niveau vun der Familljepolitik eppes doen. Queer Leit misst vill méi einfach Zougang zum Grondrecht vun der Familljegrënnung kréien, wéi dat aktuell de Fall wier. Hei bräicht et ënner anerem eng Vereinfachung vun de Prozeduren, wat d'Umellen op der Gemeng vun de Kanner vu queere Koppelen ugeet. Ausserdeem misst d'Protektioun vun LGBTIQ+-Persounen an der Verfassung verankert ginn.

Eng weider Fuerderung betrëfft d'Gesondheet vun Trans-Presounen: "[...]  da fuerdere mer och, dass am Bezuch op Transgesondheet endlech Neel mat Käpp gemaach gëtt, do schwätze mer scho säit Joren iwwert d'Depathologiséierung. Natierlech awer och, dass alleguerten d'Käschten iwwerholl ginn, déi an deem Kontext ufalen, déi do och noutwendeg sinn."

Schliisslech misst ee Rosa Lëtzebuerg no iwwert de Konzept vun enger binärer Gesellschaft erauskommen: "An da vergiesse mer och net, dass mer nach ëmmer an enger binärer Gesellschaft liewen, do schwätze mer scho laang driwwer, dass mer déi Binaritéit, déi mer, déi esou anzementéiert ass, dass mer déi lues a lues opbriechen an do ginn et eng ganz Rëtsch Mesuren, iwwert déi een nodenke kann."

Den Haass géigeniwwer queere Leit huet sech gewandelt

Och wann déi gesellschaftlech Akzeptanz fir queer Leit bannent de leschte Jore méi grouss gi wier, géif et nach ëmmer Haass géigeniwwer LGBTIQ+-Persoune ginn. Allerdéngs géingen aktuell verstäerkt Transpersounen am Fokus vun dësem stoen:

"Mir stelle fest, dass am Verlaf vun deene leschte fofzéng Joer sech den Haass vis -à -vis vun de Leit aus der Community wierklech drastesch changéiert huet. Wa mer elo zum Beispill 2017 den Europawalkampf kucken, hu mer ganz oft den Narrativ festgestallt, dass Homosexualitéit zum Beispill an d'Pedophilie ëmmer gläichgesat ginn ass. Mëttlerweil huet dat awer wierklech ofgeholl. Awer Transpersoune sti lo mëttlerweil am Fokus. Also dat ass wierklech en Narrativ, dee mëttlerweil a ganz vill Länner gesponne gëtt. Dat gëtt och importéiert op Lëtzebuerg. Also dat wat mir hei an de Kommentarspalten vun de Medie liesen, ass dat wat mer aus anere Länner kennen, wat och vun aneren, vu rietskonservativen a rietsextreemistesche Parteien och wierklech aktiv gesponne gëtt." 

Wien am Internet Affer vun Hate Speech gëtt, ka sech un eng Partie Adresse riichten, fir Hëllef ze kréien. Nieft Rosa Lëtzebuerg sinn dat de Centre pour l'égalité de traitement CET an de Centre LGBTIQ+ CIGALE.