D'Zuele vun der Police weisen et - zu Lëtzebuerg ginn et ëmmer méi Fäll vu Bedruch. Virop online fanne Krimineller hir Affer.

D'Initiativ Bee Secure setzt sech fir méi Sécherheet am Internet an. De Service kläert net nëmmen driwwer op, wéi een am Netz net an d'Fal vun Onéierlechen tappt, ma steet och berodend zur Säit, wann et bis geschitt ass. Mir hu mam Igor Loran vu Bee Secure iwwer heefeg Arnaquë geschwat a wéi ee sech schütze kann.

D'Experte vu Bee Secure gesinn dacks déi nämmlecht, klassesch Bedruchsmaschen, ma déi Kriminell beweisen och emol Kreativitéit. Eng heefeg Bedruchsmasch ass de sougenannte "Phishing". Dee geschitt an der Reegel iwwert eng E-Mail, an där d'Affer dozou verleet gëtt, op ee Link ze klicken, duerch deen déi Onéierlech un Donnéeën an/oder Sue komme kënnen. "Äre Pak ass net ukomm", "Dir hutt am Gewënnspill gewonnen", oder och nach "Dir hutt Äre Protokoll net bezuelt": Variante ginn et der vill. D'Säiten, op déi ee geleet gëtt, gesinn tatsächlech existéierende Sitten dacks erschreckend änlech a souguer Email-Adresse kënnen nogebaut ginn.

Krimineller, déi dës Phishing-Attacke besonnesch effektiv bedreiwen, sinn dacks och gutt iwwert de lokale Kontext informéiert. Esou gouf et zum Beispill ronderëm déi Zäit, wou de Luxtrust-Token ofgeschaaft gouf, besonnesch vill Arnaquen, déi Luxtrust imitéiert hunn a wou d'Leit verleet goufen, sech enzwousch anescht unzemellen. Den Igor Loran vu Bee Secure erënnert sech: "Si wëssen eng ganz Rei Saachen iwwer d'Land a wat aktuell geschitt." Dëst confirméiert eis och d'Police.

Lëtzebuerg wier vun Arnaquen zwar änlech staark betraff wéi d'Nopeschlänner, allerdéngs géifen déi Kriminell hir Arnaquë gutt op d'Land oder souguer d'Regioun upassen. Fir déi Kriminell ass Lëtzebuerg als Zil attraktiv, well et net just een internationaalt, ma och een onheemlech räicht Land ass, esou den Expert vu Bee Secure. Et ginn also vill Méiglechkeeten, vulnerabel Affer mat Suen ze fannen, déi dann och nach op déi ënnerschiddlechst Sprooche kontaktéiert kënne ginn.

Heiansdo mussen déi Kriminell awer guer net "phishen" goen, ma si hu scho gewëss Donnéeë vun hiren Affer. Eng Telefonsnummer, den Numm, eng IP-Adress -  esou fält et hinne méi liicht, d'Affer ze iwwerzeegen, datt si legitim sinn. Leit géifen zum Beispill vun engem falschen "Online-Support" kontaktéiert ginn, hire Computer hätt Viren, erzielt den Igor Loran. Déi Onéierlech brénge si dann dozou, hinnen "Remote Access" op de PC ze ginn. Deen Ament kënnen déi Onéierlech do maachen, wat se wëllen - zum Beispill och, sech an den Online-Banking aloggen an de Konto eidel maachen.

Ee besonnesch perfide Scam ass een, an deem déi Kriminell mat hiren Affer ee Spill spillen, an deem d'Iwwerweisunge sech ëmmer verduebelen, erzielt den Expert vu Bee Secure. D'Affer iwwerweist 50 Euro, de Scammer 100, d'Affer 200, .... bis de Scammer da vun der Bildfläch verschwënnt a keng Iwwerweisung méi mécht. An dësem "Spill" kommen deementspriechend séier héich Zommen zustanen.

Och sougenannten "Finfluencing", also Influencing am Finanzberäich, ass eppes, wat een ëmmer méi dacks gesäit. Hei ginn d'Affer dacks animéiert, an dubiéis Cryptowärungen oder ETFen ("Exchange Traded Fund") ze investéieren.

Als Grondreegel kann een hei soen: Wann et ze schéin ass, fir wouer ze sinn, dann ass et warscheinlech net wouer. Wéi een Interêt hätt ee "Finfluencer" zum Beispill doranner, anere vu sengem angeeblech esou erfollegräiche Geschäftsmodell ze erzielen? "Et soll ee keng Suen investéieren an eppes, an deem ee sech net auskennt a wou een och de Geschäftsmodell, wéi d'Suen iwwerhaapt generéiert kënne ginn, net richteg versteet", seet den Igor Loran.

Ass ee bis Affer vun engem Bedruch ginn, sollt ee sech, ouni laang ze zécken, un d'Police riichten. Idealerweis hält ee méiglechst vill Beweiser fest, wéi zum Beispill Screenshots an d'URL, réit den Expert vu Bee Secure. Kéint den eegene Kont vun der Arnaque betraff sinn, sollt een ausserdeem direkt seng Bank kontaktéieren. Esou kann een ënner Ëmstänn nach verhënneren, datt Suen ofgebucht ginn.

Fir d'Affer entsteet awer dacks méi wéi just finanzielle Schued. D'Affer spiere Schimmt a verstoppe villäicht souguer virun hirem Ëmfeld, wat geschitt ass. "De Kanner géigeniwwer dat ze soen, der Fra géigeniwwer dat ze soen - dat sinn deelweis perséinlech Krisen, déi geschéien", erkläert den Igor Loran.

Idealerweis kontaktéiert ee Bee Secure dofir schonn deen Ament, an deem engem eppes e bësse komesch virkënnt. Bee Secure gëtt ënnert anerem duerch dat, wat d'Leit mellen, och gewuer, wéi eng Bedruchsmaschen an der E-Crime-Zeen grad aktuell sinn. Duerch een Uruff hëlleft ee potentiell also net just sech selwer, mee och senge Matbierger.