Uni Lëtzebuerg kritt neie Léierstull - Fokus läit um Recyclage
Theoretescht Wësse mat prakteschem Knowhow verbannen, dat ass d'Zil vum neie "Léierstull fir haart an avancéiert Baumaterialien".
Den neie Léierstull gëtt an d'Fakultéit fir Naturwëssenschaften, Technologie a Medezin (FSTM) op der Uni.lu integréiert. Fir dat ze erreechen, schafft d'Universitéit mat der Firma Ceratizit vu Mamer zesummen, déi zanter méi wéi 100 Joer am Beräich vun den Haartmetaller aktiv ass. Dëst Partenariat soll Lëtzebuerg als Industriestanduert stäerken an och zu méi Nohaltegkeet bäidroen.
Eng 32.000 Leit schaffen zu Lëtzebuerg an der Produktioun, dowéinst wier et wichteg, dee Secteur ze stäerken. An enger éischter Phas gehéieren zwee Doktoranten an zwee Post-Doktoranten zur Ekipp vum neie Léierstull, deen no an no ausgebaut soll ginn. Bei der Uni weist ee sech op alle Fall optimistesch, datt ee genuch Studenten unzéie wäert, sou d'Marie-Hélène Jobin, Vize-Rektesch fir Kooperatioun op der Uni.lu.
"On a beaucoup de partenaires avec lesquels on fonctionne aussi à l'extérieur, on a plusieures entrevues pour pouvoir recruter nos étudiants. Oui, c'est facile parce que le Luxembourg attire d'abord, mais aussi parce qu'on a des programmes extrèmement compétitifs, on a d'excellents chercheurs, l'université est reconnue parmi les meilleures universités de recherche dans le monde."












Zu Mamer gëtt mat Wolframcarbit a Kobalt geschafft. Si komme besonnesch am Maschinnebau an den Asaz, d'Zerspanung vun de Materialien ass vun hinnen ofhängeg. Wolframcarbit a Kobalt ginn awer och zum Beispill benotzt, fir d'Kugelen ze produzéieren, déi an de Bicker sinn, fir syntheetesch Diamanten hierzestellen oder och nach fir Pamperssen erauszeschneiden. Ee wichtege Pilier vum neie Léierstull wäert d'Fuerschung ronderëm ee bessere Recyclage vun den Haartmetaller sinn. Aktuell ginn nämlech vill Produiten nach ëmmer just eng Kéier benotzt, wéi de Prof. Ralph Useldinger, Responsabele vum neie Léierstull op der Uni.lu, erkläert.
"De Wolfram kënnt haaptsächlech aus China, dat heescht zwee Drëttel vun deene ganze Ressourcë sinn aus China a si bréngen ongeféier 80 Prozent op de Marché. Dat heescht, mat de ganze geopolitesche Problemer, déi et gëtt, ass et immens wichteg, datt mir dat Material, dat iwwerhaapt hei ass, am Ëmlaf behalen an et deementspriechend recycléieren an doduerch onofhängeg gi vun alle geopoliteschen Developpementer, déi kënne passéieren."
Déi geopolitesch Entwécklungen aus de leschte Joren hunn dann och dozou gefouert, datt d'NATO-Memberen, also och Lëtzebuerg, vill méi wéi bis elo an hier Defense investéiere wäerten. D'Regierung ass aktuell op der Sich no Projeten, déi eng Plus-value fir déi Lëtzebuerger Ekonomie duerstellen. An deem Kader streckt een och zu Mamer de Fanger aus, erkläert de Frank Thomé, Member vun der Direktioun vu Ceratizit.
"Bis elo produzéiere mer Produite fir an der Defense net zu Lëtzebuerg, mee mat deenen Depensen, déi d'Regierung am Kader vun der NATO muss maachen, hu mer natierlech d'Volontéit vum Gouvernement, fir Suen zu Lëtzebuerg ze investéieren. A mir kéinten effektiv Produiten hei produzéieren a mir hoffen, datt de legale Framework dofir zu Lëtzebuerg deementspriechend ugepasst gëtt, datt mer dat kënne maachen."
Dobäi kéint et sech ëm Komponenten handelen, déi een a verschiddene Waffesystemer asetze kann. Ma bis et esouwäit ass, gëtt op der Uni elo mol friddlech gefuerscht.