Zil ass et, dem Patient seng Autonomie sou gutt et geet zréckzeginn. 33 Leit schaffen am Service Ergotherapie vum Rehazenter um Kierchbierg.

Mëtt Juli huet de Frédéric Draime en Hiereschlag gemaach. Seng ganz riets Säit war geläämt. Lues a lues erhëlt sech de 56 Joer ale Mann am Rehazenter.

De Frédéric Draime am RTL Interview
No engem Hiereschlag kritt den 56 Joer ale Mann aktuell Hëllef vun der Ergotherapeuten Ekipp um Kierchbierg.

Eng multidisziplinär Ekipp am Rehazenter um Kierchbierg këmmert sech ëm d'Reeducatioun vum Frédéric Draime. Dorënner och Ergotherapeutinne wéi d'Manon Muller. Déi jonk Fra wollt sech ëmmer am soziale Beräich engagéieren. "Ech hunn 3 Joer an der Belsch studéiert. D'Medezin huet mech nach ëmmer interesséiert. Am paramedezinesche Beräich kann ech d'Leit an hirem Alldag begleeden. Hinne mat hirer Pathologie hëllefen erëm méi autonom an hirem Liewen ze ginn". Vun de Fächer hir geet et do queesch duerch de Gaart.

D'Ergotherapeutin Manon Muller am RTL Interview
Vu jonkem un wollt d'Manon Muller anere Leit hëllefen.

Eng Panoplie u Leit kënne vun der Hëllef vun den Ergotherapeute profitéieren. "Kanner, eeler Leit, Mënsche mat Trisomie oder engem Retard mental oder aner Pathologien. Neurologie, Traumatologie. Leit déi Protheese brauchen". Dëst erzielt mir d'Manon Muller. "Dacks kommen d'Leit och bei eis a wëllen einfach nëmme schwätzen. Hiert Häerz ausschëdden". Sou nach d'Ergotherapeutin am RTL-Interview.

"De Patient ass d'Haaptpersoun vun der Therapie"

"Mir begleeden an encadréieren de Patient. Ofhängeg vun der Motivatioun vum Patient kann eng Therapie mol méi laang oder manner laang daueren", sou nach d'Manon Muller.

D'Manon Muller aus dem Rehazenter Kierchbierg
De Patient steet bei eiser Aarbecht am Mëttelpunkt.

"Et däerf ee keng Angscht hunn, d'Leit unzepaken"

De sozio – emotionale Facteur spillt am Beruff vun der Ergotherapeutin eng zentral Roll. "De Patient geet hei duerch eng schwéier Zäit. Dohier ass et wichteg mat him ze schwätzen an hien och mol zum laachen ze bréngen". Sou d'Manon Muller am Gespréich.

Am Rehazenter um Kierchbierg schaffen 33 Leit am Service vun der Ergotherapie. D'Formatioun fir dëse Beruff gëtt hei zu Lëtzebuerg nach net ugebueden. Dofir awer an eisen Nopeschlänner an och an Éisträich, wou eng ganz Partie Lëtzebuerger studéieren. "Un ergothérapeute est une personne du domaine de la santé qui travaille sous prescription médicale. Il essaie de recouvrir l'autonomie de la personne". Sou d'Caroline Walczak, Responsabel vum Service Ergotherapie am Rehazenter um Kierchbierg.

D'Caroline Walczak am RTL Gespréich
De Beruff vum Ergotherapeut ass e Beruff mat Zukunft

Mat engem Bachelor als Ergotherapeut respektiv Ergotherapeutin schléisst ee säi Studium of.

Um Internetiste aled.lu kritt ee méi Informatioune ronderëm de Beruff vum Ergotherapeut.