D'Zeremonie vum Guide Gault&Millau vu 15.30 Auer u live
© RTL-Archiv
An zéng Kategorië ginn d'Gewënner vum Gault&Millau 2026 e Méindeg am Parc Hôtel Alvisse an der Stad ausgezeechent. Dorënner och den Titel "Kach vum Joer".
D'Lëtzebuerger Gastronomie steet dëse Méindeg am Mëttelpunkt bei der Gault&Millau-2026-Zeremonie. Den Evenement gëtt vu 15.30 Auer u live op RTL.lu iwwerdroen. De Livestream fannt Dir kuerz virdrun hei am Artikel.
Am Ganze ginn zéng Gewënner ausgezeechent, genee wéi och bei de viregten Editiounen. D'lescht Joer war et de François Jagut, Chef vum Restaurant Les Roses am Casino 2000 zu Munneref, deen zum Kach vum Joer gewielt gouf (de Palmarès 2025 fannt Dir hei).
De kompletten Iwwerbléck vun all de Gewënner gëtt um 16.20 Auer publizéiert.