"Schutz vun de Flächen ass den A an O"
© Marlène Clement
Bis spéitstens 2027 sollen all d'EU-Gewässer, also zum Beispill Baachen, Flëss a Grondwaasser an engem gudden ökologeschen Zoustand sinn.
Esou wéi d’EU-Waasserdirektiv et virgesäit. Fir dat Zil ze erreechen, ginn och am Grand-Duché eng ganz Rei Projeten a Mesuren ëmgesat. Eng vun de Prioritéiten ass och de Schutz vun den Drénkwaasserquellen.
Grad an urbaniséierte Gebidder, ewéi zum Beispill an der Stad, gëllen dofir sougenannt Schutzzone ronderëm d’Quellen, fir d’Waasser viru Verknaschtung ze schützen. D'Grondwaasser hëlt um Wee bis an d'Quell nämlech vill Substanze mat. Et gëtt zwar zu engem Deel duerch de Fiels oder Steen gefiltert, dat eleng geet awer net duer, fir konform mat den Drénkwaasser-Normen ze sinn, erkläert d’Annick Frising, responsabel fir d'Qualitéit vun de Quelle vun der Stad Lëtzebuerg.
"Dat heescht dat Waasser muss traitéiert ginn. Hei an der Anlag hu mer Sandfilteren, an Aktivkuelfilteren, déi et eis erlaben, déi Saachen déi eis Problemer maachen, dat heescht Pestiziden, notamment hir Metaboliten, an awer och PFASen, aus dem Waasser erauszefilteren."
Um Wee fir an d'Behälter gëtt d’Waasser dann nach eng Kéier desinfizéiert a liicht chloréiert. Ma besser ewéi all kurativen Traitement hannendrun, ass awer nach ëmmer de preventive Schutz, ënnersträicht d’Responsabel vun der Unitéit Grondwaasser an Drénkwaasser bei der Waasserverwaltung, Brigitte Lambert. An dat gëtt och vill méi bëlleg.
"An dofir ass et primordial, datt eben d’Wässer an hiren Anzuchsgebitter optimal geschützt sinn, datt déi eenzel Risiken identifizéiert sinn an ebe beherrscht sinn."
Och all eenzele Bierger hätt säi Rôle ze spillen an een Afloss op d’Waasserressourcen hei am Land, esou d’Brigitte Lambert. All Liter, deen net verbraucht ginn ass, hëlleft dobäi, datt keen neit Waasser muss opbereet, respektiv traitéiert ginn.
"Vläicht bësse manner laang duschen, vläicht ee Waasserspuer-Duschkapp installéieren, ee "réducteur de débit", wou ee mat 2 Euro quasi den Duerchfloss op 7 Liter pro Minutt kann drécken an esou duerch vill kleng Moossnamen am Alldag och kann zu manner Waasserverbrauch zu Lëtzebuerg bäidroen.”
D'Drénkwaasser am Grand-Duché besteet ongeféier zur Hallschent aus Grondwaasser an zur Hallschent aus Uewerfläche-Waasser. Wéi am Drénkwaassergesetz virgesinn, gëtt d’Drénkwaasser reegelméisseg kontrolléiert. All Joer gi 6.500 Analyse gemaach. Am Clean drinking water Index, deen d’Drénkwaasserqualitéit an de 27 EU-Memberlänner kontrolléiert, kënnt de Grand-Duché op déi drëtte Plaz mat engem Konformitéitstaux vun iwwer 99,8 Prozent.



