De Space-Secteur zu Lëtzebuerg sicht Nowuess
De Programm adresséiert sech u Jonker tëscht 13 an 21 Joer, an der Hoffnung esou nei Talenter ze fannen, déi duerno am Space-Secteur schaffe wëllen.
Inspiréiert vun enger Initiativ aus Portugal, riicht sech de Programm u Schüler aus dem Secondaire zu Lëtzebuerg, déi dreemen, déi nächst Generatioun vun Astronauten ze ginn. Bei der zweeter Editioun, déi am Februar lancéiert gouf, hate sech méi wéi 400 Jugendlecher gemellt – bal duebel souvill wéi 2023. Elo goufen 13 Finalisten ausgewielt, déi spéider sougenannte "Space Ambassadors" an hire Schoule ginn, erkläert de Matthias Link vun der Luxembourg Space Agency. Si sollen an hire Schoulen aner Jonker inspiréieren a fir de Secteur interesséieren.
Et géif ee virun allem no neien Talenter fir d’Zukunft vum Secteur sichen, esou de Wirtschaftsminister Lex Delles. Mëttlerweil ginn et ronn 80 Entreprisen am Grand-Duché, déi an dësem Beräich schaffen, an déi brauchen Talenter vu muer. D’Kandidaten hu sech an enger Rei Tester musse beweisen. Dat wier net ëmmer esou einfach gewiescht: “Et ware ganz divers Projeten a Saachen, déi ee misst maachen, fir selektionéiert ze ginn. Virun allem zum Beispill den Interview. Dat ass eppes, wat vill vun eis net onbedéngt gewinnt sinn.”
“Es gab einen Test für kognitive Fähigkeiten. Die Bewerbung durch das Video. Dann gab's noch den Sporttest. Da war ich mir nicht ganz sicher, wie das geht. Aber im Ende ist es ganz gut geworden.”
“Ech hat mech scho bei der éischter Kéier ugemellt, do sinn ech leider net méi wäit wéi de Sportstest komm an do hunn ech mer gesot, ech gi mer dës Kéier méi Méi. Ech mengen dat Schwéierst war tatsächlech bis bei de Sportstest do duerchzekommen.”
Dëst Joer kréien dräi vun de Finalisten d’Opportunitéit, eng vun dräi Entreprisen aus dem Secteur hautno ze erliewen. De Projet soll de Jonken also och fir d’Zukunft hëllefen. Si kréien direkt Kontakter an den Entreprisen, dat mécht Dieren op.
De groussen Event fir déi 13 ausgewielte Kandidaten ass awer natierlech de Parabelfluch am Oktober, deen d’Schweerelosegkeet simuléiert. Esou kënnen déi Jonk de Stären e bësse méi no kommen.