Dat géifen d'Zuele vum zweeten Trimester beleeën, heescht et vum gréissten Immobilieportal am Land, atHome.

D'Reprise vum Marché géif sech an all Regioun vum Land a bei allen Zorte vun Immobilie bemierkbar maachen. Bei der Chambre immobilière reagéiert ee virsiichteg optimistesch. Et wier zwar wouer, dass d'Präisser generell rëm an d'Luucht ginn, mee grad bei de sougenannten VEFAen , Immobilien, déi réischt am gaang sinn, gebaut ze ginn, wier awer nach vill Loft no uewen.

D'Leit zu Lëtzebuerg hu rëm méi Loscht, an de Steen ze investéieren an dowéinst klammen d'Präisser um Wunnengsmaart. Dat soe se op d'mannst bei atHome. Dobäi baséiert de gréissten Immobilieportal vum Land sech op eng 25.000 Annoncen. Wichteg ze ënnersträichen ass awer, datt et sech dobäi just ëm affichéiert Präisser handelt, wéi vill dono wierklech bezuelt gouf, ass net kloer. Déi rezent Entwécklung géing am Kontrast zu deene méi aussergewéinleche leschte Jore stoen.

Mathieu Toussaint (Member vun der Direktioun bei atHome):

"Historiquement les prix sur le marché immobilier au Luxembourg ont toujours augmenté de plus ou moins 5 pour cent. A partir de 2018, 2019, 2020 on a vraiment une augmentation des prix de plus 10 pour cent par an et puis ça se stabilise à partir de 2021. 2022, 2023 les prix baissent, 2024 les prix se stabilisent aussi et ce qu'on commence à voir, c'est finalement sur 2025 des prix qui sont augmentés un petit peu, mais dans des proportions qui sont finalement les proportions historiques, donc moi j'ai l'impression, qu'on est sur un retour à la normale."

Wann ee sech d'Präisentwécklung bei deene verschiddenen Zorte vun Immobilien an deene leschten 12 Méint ukuckt, gesäit een iwwerdeems deels grouss Ënnerscheeder. Sou ass d'Hausse bei de bestoenden Haiser mat 4,6 Prozent am gréissten. Hei bezilt een aktuell am Schnëtt 6.138 Euro de Quadratmeter. Bei den neien Appartementer ass et mat 4,3 Prozent op 10.411 Euro de Quadratmeter een änlecht Bild. De Präis vun de bestoenden Appartementer ass par Konter just ëm 0,7 Prozent op 8.077 Euro geklommen.
Bei den neie Wunnengen um Plang, de sougenannte VEFAen, ass d'Situatioun nach méi schwiereg. An deene leschten 12 Méint goufen der ze mann realiséiert, fir iwwerhaapt eng fiabel Moyenne berechnen ze kënnen. Dobäi bräicht et zousätzlech Kapazitéiten.

"C'est important, parce que, comme sur tout marché, il y a une demande et une offre. La demande est en train de revenir, donc une reprise au niveau de la demande, ce qui explique aussi un petit peu la pression sur les prix, parce que si l'offre ne se développe pas et la demande augmente, naturellement ça fait augmenter les prix. Donc c'est important avec une demande qui revient, que l'offre peut suivre. Et l'offre qui se développe évidemment nécessite des nouveaux biens qui arrivent sur le marché."

RTL

Och bei der Chambre immobilière ass een der Meenung, datt sech bei de VEFAen eppes doe muss. Hei gesäit ee virop d'Banken an der Responsabilitéit.

Jean-Paul Scheuren (Vizepresident Chambre immobilière):

"Wat mir net méi wëllen héieren, ass wann ee Client mat engem ënnerschriwwene Kontrakt bei seng Bank geet, datt en do vun iergendengem am Guichet gesot kritt, nee kaf lo nach net, dat ass eng VEFA, dat ass geféierlech, ech géing nach waarden. Ech mengen, ee Banquier ass eng Personne de confiance a mir sinn awer der Meenung, datt mer vill Efforte gemaach hunn, zum Beispill iwwert charte.lu, fir de Leit ze soen, dat sinn déi Nimm, mat deenen der schaffe kënnt, wou der keng Angscht musst hunn. Datt mer awer dann net wëllen, datt d'Leit duerch esou Aussoen d'Leit op eemol rëm ufänken ze zweiwelen, ob se wëlle kafen oder net."

Ob d'Banken an Zukunft méi a méi avantagéis Immobilieprêten accordéiere wäerten, dierft awer wuel och vun der geopolitescher Situatioun an net just vun der Entwécklung um Marché, ofhänken.