Zanter e puer Deeg ass de "Moien" deen d'Leit um Findel begréisst huet, net méi do. Elo steet grouss "Luxembourg" bei der Entrée vum Flughafen.

Den orange Moie mat engem Smiley als O huet elo Plaz gemaach fir de "Luxembourg"-Schrëftzuch vu Let's Make It Happen.

De "Moien" war souwuel bei Touristen, wéi bei de Residenten e beléifte Foto-Motiv. Gesponsert waren déi fënnef Buschtawe vun der Bank ING, dofir och de Look an Orange.

"Let’s make it happen" ass de gewielte Slogan fir d'Land, deen d’Dynamik, d’Oppenheet an d’Zesummenaarbecht vu Lëtzebuerg symboliséiere soll.

International soll de Slogan an de Logo "Luxembourg" de Grand-Duché méi bekannt maachen.

RTL

© Domingos Oliveira