Kee Logement. Keng Aarbecht. Eng Rei ukrainesch Flüchtlinge fäerten iwwert déi nächst Wochen a Méint nees zeréck an de Primo-Accueil mussen ze plënneren.

Eng Rei vun hinne ginn zanter hir Arrivée 2022 an eidel-stoende Wunnenge vu Privatleit hebergéiert. D’Croix-Rouge déi hannert dëser Initiative steet an zum Deel d’Käschten iwwerhëlt, zitt dem Projet awer elo lues a lues de Stecker.

Fir vill Famille waren déi eegen, ausgeléinten 4 Wänn e Symbol vu Stabilitéit. Privatsphär. E Moment fir Rou ze fannen. Eng 550 Leit hunn iwwert déi 3 lescht Joer vun esou engem Urgence-Logement konnte profitéieren. Aktuell sinn et der nach Ronn 100, déi no der rezenter Decisioun vun der Croix-Rouge dréngend no Alternative sichen. D’Associatioun LUkraine weist sech enttäuscht, de President vun der asbl, den Nicolas Zharov: "Fir eis ass et richtegen humanitären Echec. Et ass traureg fir d’Famillen, déi riskéiere sech nees a Konditiounen erëmzefannen, déi d’Accueil-Strukturen eeben halt bidden. Déi, fein ausgedréckt, net déi Beschte sinn."

E Groussdeel vun de betraffene Leit hunn iwwert déi lescht Joren eng Aarbecht an e Logement fonnt. Iwwereg, esou de Nicolas Zharov, bleiwen awer nach déi Vulnerabelsten: "Dat si virun allem eeler Leit, déi net méi schaffe kënnen oder déi kee Patron onbedéngt wëll. Mee och elengerzéiend Mamme mat Kanner. Fir d’Kanner heescht dat, d’Schoul mussen ze wiesselen. Et heescht sech op en neits mussen nees op enger anerer Plaz mussen ze integréieren."

Bei der Croix-Rouge ass ee sech der Problematik bewosst. Eigentlech koum de Wunnengsprojet schonn am Mäerz op en Enn. D’Bewunner ewéi d’Proprietäre krute schonns am Oktober d’lescht Joer per Courrier Bescheed gesot, erkläert d’Nadine Conrardy, Directrice Département Action et Santé sociales - Croix-Rouge: "Et awer elo sou, datt mer vu Fall zu Fall kucken a verschiddener och verlängert hunn. Notamment wa Schoulkanner implizéiert waren. Wou d’Famillen oder och d’Gemengen eis gefrot hu fir ze verlängeren, bis d’Schouljoer eriwwer ass."

D’Wunnenge ginn iwwregens gratis vu Privatleit zur Verfügung gestallt. Mat Doe ginn dann d’Chargen an eventuell Reparature vum roude Kräiz finanzéiert. Eng Rei Proprietäre wëllen dës zeréck, respektiv sollen aner Leit eng Chance kréien. "Et ass elo net esou, datt mer soen, et ass elo kee Geld méi do – mir kënnen et net méi man," mécht d’Nadine Conrardy kloer. "Mee mir hunn elo vill Geld an déi Situatioun investéiert a mir wëllen et elo e bësse méi equilibréieren. An dann ass et esou, datt mer nach vill aner Leit zu Lëtzebuerg hunn, déi an Nout sinn. Och eebe grad am Logementsberäich eng Hëllef brauchen. Wou mer eis och soen, mir musse kucken, datt mer all eise Beneficiairen eng Hëllef kënne ginn an eis net just op eng Zilgrupp fokusséieren."

Fënnt een als "Beneficaire de protection temporaire" kee Logement op eege Fauscht, bleift d’Optioun: ONA. Aktuell si 1.700 vun de Ronn 3.800 ukrainesche Flüchtlingen zu Lëtzebuerg vum ONA a verschiddene Gebaier hebergéiert. Tëschent Oktober 2024 an Enn Juni 2025 sinn insgesamt 531 Beneficiaires de protection temporaire nei an den ONA-Reseau erakomm. Et ass dem ONA awer net méiglech hei eng Distinctioun ze maache wéi vill dovunner virdrun bei der Croix-Rouge hebergéiert waren.

Ma, ëmmer nees gëtt ee bei der LUkraine mat Fotoe vun Leit kontaktéiert, datt éischtens d’Waardezäit am Primo-Accueil sech gären iwwer Méint zitt an d’Konditiounen a Propretéit deels katastrophal wieren. D’Inna Yaremenko vun der LUkraine: "Eng ukrainesch Fra ass mat hirem 15 Joer ale Bouf op Lëtzebuerg komm. Si huet alles am Krich verluer. Se huet sech Lëtzebuerg erausgesicht gehat, well se eng gutt Educatioun fir hire Fils wollt. Si ass am Toni Rollmann Zenter ukomm. Owes. Wéi se Moies erwächt ass, war se schockéiert. Si huet bal gekrasch. Se konnt net verstoen, wéi an enger esou schéiner Stad, esou eng grujeleg Plaz kéint existéieren."

D’Konditioune fir d’Flüchtlinge generell zu Lëtzebuerg wiere katastrophal par Rapport zum Standard, wéi een e soss zu Lëtzebuerg kennt, esou d’Kritik vun der Associatioun. Ma fir mat Verbesserunge ze kommen, misst d’Politik fir d’éischt emol agestoen, datt e Problem do ass. An d’Situatioun net méi schéi schwätze wéi se a Wierklechkeet ass.