De Krich huet Tracen an de Lëtzebuerger Bëscher hannerlooss, mat deels schwéiere Konsequenzen fir d'Natur, d'Ëmwelt an d'Gesellschaft.

Virun allem déi ekologesch an historesch Tracen aus der Ardennenoffensiv si bis haut ze gesinn. Dofir organiséiert d’Naturverwaltung zesumme mat der Stad Iechternach elo schonn déi fënneft Editioun vu ‘’Bësch am Krich – Krich am Bësch’’. Op engem Parcours vun 3 Kilometer kënne Schoulklassen, an och de breede Public, d’Tracë vum Zweete Weltkrich am Bësch op 7 thematesche Statiounen entdecken. 
 
Eng vun de Statiounen ass ee fréiere Bunker, wou 7 Jongen, déi vun der Wehrmacht agezu waren, sech an de leschte Méint vum Krich verstoppt hunn. Historesch Iwwerreschter aus enger Zäit, déi een erhale wollt, esou dem Fierschter vun Iechternach, den Tom Müller.

Mäi Virgänger hat schonn eng Kéier hei geschafft an de Bunker e bësse renovéiert, mir hunn en och elo e bësse renovéiert, dat heescht mir hu gekuckt, dass d'Maueren net afalen, mir hunn e ganz neit Gelänner ronderëm gemaach, mir hunn en neien Accès gemaach, esou dass et och fir de Public op ass, datt d'Leit kënne bis erof kucke goen. Dat hei ass u sech elo just een éischte Schratt, am zweete Schratt soll eng Promenade gemaach ginn, mat Panneauen och mat Explikatiounen, sou datt d'Leit dat och selbststänneg, also net am Kader vu sou enger Journée, kënne kucke kommen.
 
‘’Bësch am Krich – Krich am Bësch’ heescht d’Initiativ vun der Naturverwaltung, fir Kanner an Erwuessener fir d’Konsequenze vu Krich an de Bëscher ze sensibiliséieren. Dat ass och wichteg, well op eiser nächster Etappe gi mer gewuer, datt ee bis haut ëmmer nees Bommen oder aner Munitioun fënnt. A sou engem Fall gëtt dann de Service de déminage geruff. Tëschent 300 a 400 Entschäerfunge mécht de Service de déminage d’Joer. Angscht fir an de Bësch brauch een awer net ze hunn: Et soll een an deem Fall d’Police ruffen, an d’Stécker net upaken.

Nieft der Naturverwaltung, Muséeën an Organisatiounen ass och d’Quadriga, eng Associatioun fir Collectionneuren vu Militärautoen, zu Iechternach am Bësch mat hire Gefierer um Rendez-vous. Originalgetréi ginn hei Statiounen nogebaut, a mat Fräiwëllegen Zeenen, wéi an dëse sougenannte Foxholes, also Fuusselächer, nogespillt.
 
De Plateau Ierelchen am Bësch zu Iechternach war ee strategesch wichtege Punkt fir déi Amerikanesch Arméi, ewéi eis den Tom Scholtes vun der Naturverwaltung erkläert.

"Hei am Ierelchen um Plateau, huet een zu enger Säit do iwwer d'Lëtzebuerger Strooss op Iechternach ënner Kontroll, vun hei aus Iechternach, a wa mer e bësse weider an déi aner Richtung ginn, da gesi mer de Sauerdall, Bollenduerf, d'Weilerbaach, vun dësem Plateau aus war alles ronderëm Iechternach ze kontrolléieren."
 
Vun hei aus ass och am Februar 1945 ee grousse Schratt Richtung Liberatioun gemaach ginn, wéi d’Amerikaner a schwierege Bedéngungen iwwer d’Sauer an Direktioun Däitschland marschéiert sinn. 
 
Dee ganzen Dag e Samschdeg kann ee sech des historesch Tracen vum Krich ukucke kommen. A fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit gëtt den Tuer och mat originale Gefierer vun deemools ugebueden.