Noriichte fir Kanner ginn et schonn zanter September 2020 all Sonnden den Owend wärend der Schoulzäit op der Tëlee, um Enn vun der Kannativi-Emissioun. 

Hei kucke mer op déi hëtzeg Woch an op e raart Wiederphenomen a Portugal, dat duerch déi héisch Temperature konnt entstoen. Och gi mir e kuerze Resumé vun der Manifestatioun vun de Gewerkschaften, a firwat d’Leit iwwerhaapt protestéiert hunn. Da geet et ëm de Pride Month, deen a ville verschiddene Länner gefeiert gouf. De Luxexpo Open Air Festival ass och en Thema, an am Sport weise mir e puer Andréck vun der Dammefussball-EM. 
  
Am Reportage duerno geet et ëm de Stroum- a Waasserverbrauch vu KI-Recherchen: wéi vill Impakt huet dat op d’Klima? A firwat gëtt iwwerhaapt Stroum a Waasser verbraucht? Wéi kann een dat verhënneren? 
  
D'Kannaniuuss kënnt Dir um RTL Play oder sonndes um 9 an um 18 Auer am KannaTivi op der Tëlee kucken.

Wat sinn d'Kannaniuuss?

Op kannerfrëndlech Aart a Weis erkläre mir, wat zu Lëtzebuerg an an der Welt geschitt. D’Kannaniuuss sinn ëmmer opgedeelt an en Newsblock an e Reportage, bei deem mir engem Thema op de Fong ginn. Dobäi komme Kanner och selwer ëmmer erëm zu Wuert an et ginn och reegelméisseg Reportagë vun eise jonke Kanner-Reporter. Déi aktuell Emissioun vun de Kannaniuuss fannt dir ëmmer sonndes moies um 9 Auer um RTL Play.

Dir fannt dës Emissioun um RTL PLAY

https://play.rtl.lu/shows/lb/kannativi/episodes
https://play.rtl.lu/shows/lb/kannaniuuss/episodes
https://play.rtl.lu/shows/lb/eis-stemmen/episodes
https://play.rtl.lu/shows/lb/kleng-freet-grouss-rtl-kannerreporter/episodes