Am Lokalen
Een Accident mat engem Moto, ee mat engem Auto an eng Persoun ugestouss

© RTL Archivbild
Wéi de CGDIS mellt, koum et an de leschte Stonnen zu 3 Virfäll op eise Stroossen.
Kuerz no 17.40 Auer ass et tëscht Habscht a Sëll e Motocyclist gefall a gouf blesséiert.
Zwee Blesséierter gouf et bei engem Autosaccident op der RN12 tëscht Bidscht a Wolz. Dat war um 18.30 Auer.
Géint 00.30 Auer da gouf eng Persoun zu Hollerech an der Route d'Esch ugestouss a verwonnt.
Am meeschte gelies