Fir dës Etüd goufen am ganzen 69 Stied, déi der "Deutsche Bank" no um globale Finanzmaart am wichtegste sinn, analyséiert.

Lëtzebuerg konnt sech hei duerchsetzen a gouf als déi Stad mat der héchster Liewensqualitéit klasséiert. Ënnert de Stied waren och d’Haaptstied aus eisen Nopeschlänner. Dës konnten allerdéngs net esou gutt ofschneide wéi Lëtzebuerg. Paräis huet et nëmmen op déi 44. Plaz gepackt, Bréissel op déi 37. a Berlin ëmmerhin op déi 20. Dass sech Lëtzebuerg esou héich placéiere konnt, läit un 8 verschiddene Kategorien, déi fir dës Etüd ënnert d’Lupp geholl goufen.

D‘Kafkraaft, d‘Sécherheet, de Gesondheetssystem, d’Liewenskäschten, d’Verhältnis vun den Immobiliepräisser zum Salaire, d’Dauer vum Schaffwee, d’Pollutioun an d’Klima goufen dofir gekuckt. Am beschte schneit Lëtzebuerg bei der Pollutioun of a kënnt domat op déi 4. Plaz. Dëst kéint zum engen dorunner leien, dass den ëffentlechen Transport gratis ass a manner Leit mam Auto an d’Stad fueren. Doduerch dass Lëtzebuerg eng kleng Stad ass, huet een awer och allgemeng manner Pollutioun wéi a gréissere Stied. Och d’Dauer vum Schaffwee ass an der Stad duerch hir Gréisst éischter kuerz. Hei ass Lëtzebuerg op der 5. Plaz. Net gutt ofgeschnidden huet Lëtzebuerg an der Kategorie Liewenskäschten. Mat enger 57. Plaz reit sech Lëtzebuerg bal ganz ënnen an.

Wann een déi verschidde Kategorien zesummen hëlt, ass Lëtzebuerg awer an der Moyenne ëmmer nach déi Stad mat der héchster Liewensqualitéit a konnt am Verglach zu der Etüd vun 2020 esouguer ëm 4 Plaze klammen. Direkt hannendru kënnt Kopenhagen duerno Amsterdam, Wien an Helsinki. Am meeschte klamme konnt Amsterdam mat engem plus vun 12 Plazen.

D’Etüd huet och ervirgehuewen, dass et natierlech fir jiddereen ënnerschiddlech Krittäre ginn, déi bestëmmen, ob een zefridden ass oder net. Just nëmme well Lëtzebuerg hei op der éischter Plaz läit, wëll net onbedéngt heeschen, dass et och jidderengem gutt geet. A wann d’Inflatioun iwwer déi nächste Joren d’Liewenskäschte weider an d’Luucht dreift, bleift d’Fro bestoen, ob Lëtzebuerg bei der nächster Kéier seng Plaz weider verdeedege kann oder vun enger anerer Stad iwwerholl gëtt.

Déi komplett Etüd fannt Dir hei.