Wéi d’Stad Lëtzebuerg bei engem Lëtzebuerger Staatsemprunt matgemaach hat

An anere Wierder: D’Stad Lëtzebuerg huet dem Lëtzebuerger Staat scho Sue geléint.
De Stater Finanzschäffen Laurent Mosar huet ons op Nofro hin dës kuriéis Informatioun confirméiert. Et handelt sech net ëm de leschte Staatsemprunt vun 2,5 Milliarden Euro méi fréi dëse Mount, mee ëm dee vun 2 Milliarden Euro am Joer 2017 fir e fixen Zënstaux vu 0,625%. D’Stad Lëtzebuerg hätt Obligatioune am Wäert vun 3 Milliounen Euro kaf. Esou absurd ewéi et kléngt: den nationale Steierzueler bezilt zanter 2017 a bis 2027 all Joer der Stad Lëtzebuerg e Coupon vun 18.750 Euro.
2017 waren d’DP an déi Gréng nach um Rudder an der Stad. Mee dat spillt u sech keng Roll, well et ass de Service “Recette communale”, deen d’Avoiren oder d’Bankkonte vun der Gemeng geréiert. Ewéi d’Gemengegesetz vun 1988 virgesäit, huet all Gemeng e Receveur, deen "eleng an ënnert senger eegener Verantwortung" d’Recetten an Depensen ausféiert.
De Laurent Mosar sot ons, hien hätt vollt Vertrauen a seng Leit, mee a sengen Ae wier d’Gesetz net méi zäitgeméiss. D’Responsabilitéit vum Receveur wier ze grouss: Et wier eng Fro vu Sécherheet, mee och Schutz vum Receveur. D’Stad Lëtzebuerg huet mat ronn 1,4 Milliarden Euro bei wäitem déi gréisst Reserve ënnert den 100 Gemengen, déi natierlech wesentlech méi kleng sinn. Aner Gemengen hu Scholden, wouduerch sech eng weider interessant Fro stellt, nämlech ewéi d’ëffentlech Finanzen op kommunalem an nationalem Plang méi gënschteg kéinte verwalt ginn.
Um Site vum Trésor public liest een, datt de Lëtzebuerger Staat am Ganzen 14 "Emprunts obligataires institutionnels" opstoen huet. En Deel dovunner mat 0% Zënsen, mee meeschtens mat Tauxen tëscht 1% an 3%. D’gesamt Dette léich bei ronn 24,25 Milliarden Euro. Dat entsprécht ronn 27% vum PIB, deen antëscht bei 90 Milliarden Euro läit.