Lëtzebuerg huet e Méindeg zu New York mat enger ganzer Rei aner UN-Memberlänner Palästina offiziell als Staat unerkannt.

Parallel analyséiert d’Lëtzebuerger Regierung, wéi een en nationale Sanktiounskader kann opstellen. Dat hunn de Premier Luc Frieden an de Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel de Mëtteg op Nofro vun der Press präziséiert.

Aktuell géif et nämlech keng legal Basis gi fir national Sanktiounen, esou d’Erklärunge vum Xavier Bettel. Bis Enn des Joers soll déi Analys fir en nationale Sanktiounskader ofgeschloss sinn. Op d’Fro, ob déi Sanktiounen och der CSSF als Basis kéinten déngen, fir hir Autorisatioune réckgängeg ze maachen, déi et Israel erméigleche Staatsemprunten un Europa ze verkafen, huet hien dat hei geäntwert:

"Wa mir Sanktiounen decidéieren, da muss d’CSSF decidéieren, ob dat eng Ursaach ass fir d’Bonds net ze acceptéieren. Mir maachen net Sanktioune fir ze kucken dass d’CSSF Bonds net ka refuséieren."

Et wier een amgaangen der Finanzopsiicht eng Lëscht ze maache mat alle Mesurë géint Israel, déi den Ament en place sinn. Doriwwer eraus géif sech d'Regierung mat de Kolleegen aus dem Benelux koordinéieren, wéinst den Importer aus de besate palästinensesche Gebidder, respektiv den israeelesche Kolonien.

"Dass mer wëssen, datt d’Effikassitéit méi grouss ass, wa mer zum Beispill Produiten aus besaten Territoiren aus Lëtzebuerg bréngen, datt et méi effikass ass, wa mer ee Bann hunn zesumme mat Benelux. Well déi meescht Produiten déi mer kréien, kommen net hei zu Lëtzebuerg un, déi ginn iwwer Bréissel eran an da kréie mer se hei distribuéiert."

Op EU-Niveau gouf et bis elo keng Sanktioune géint Israel, well et bis elo keng Unanimitéit gouf, fir zum Beispill Mesurë géint verschidden israeelesch Ministeren ze huelen. Mee...

"Et schéngt bei verschidde majorité qualifiée - Punkten, dass am Moment sech d'Saache lues a lues beweegen. Ech wëll elo net eppes verspriechen, wat ech net ka verspriechen, mee mir hunn zwou Méiglechkeeten. D'Sanktioune sinn unanime a mir hu bei verschidden accords commerciaux, wou och ka mat majorité qualifiée decidéiert ginn."

Op deenen dräi Niveauen, national, europäesch an international, géing um Sujet geschafft ginn, huet den Ausseminister betount.