Aggressiven a mat Messer arméierte Mann zu Rodange festgeholl

D'Police mellt dräi Fäll, bei deene si Verdächteger konnte festhuelen.
Am Garer Quartier huet d'Police e Méindeg géint 22.20 Auer eng Persoun wollte kontrolléieren, déi fortgelaf ass, wéi si d'Beamte gesinn hunn. Si ass iwwert d'Schinne gelaf, wou d'Poliziste spéider eng kleng Quantitéit Droge konnte fannen. De Parquet huet de Mann verhafte gelooss.
Méi fréi am Dag goufen der Police Persoune gemellt, déi an engem Geschäft op der Cloche d'Or solle geklaut hunn. Op der Plaz konnten d'Beamten zwee Verdächteger untreffen, déi si mat op de Policebüro geholl hunn. Bei hinne konnte verschidde Géigestänn, déi geklaut goufen, fonnt ginn. D'Wuere koumen zeréck an d'Geschäfter an déi zwee Verdächtegt goufe protokolléiert.
Op der Gare zu Rodange war no 23 Auer e staark alkoholiséierte Mann mat engem Messer ënnerwee. Hie soll hei aner Passante menacéiert hunn. D'Patrull, déi op d'Plaz koum, huet en alkoholiséierten an aggressive Mann virfonnt, deen eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet. Hie koum no enger Visitt beim Dokter an de Passagearrest. D'Messer gouf saiséiert an de Mann weider nach protokolléiert.