Annerhallef Woch no der Manifestatioun vun der OGBL-LCGB-Gewerkschaftsfront kënnt e Mëttwoch d'Regierung mat de Sozialpartner beieneen.

Et soll iwwer déi Punkte geschwat ginn, déi ewell déi lescht Wochen a Méint en long et large am Public debattéiert goufen.

Et ass lo kloer, datt all d'Partner wäerten e Mëttwoch ronderëm den Dësch sëtzen. D'Gewerkschaftsfront huet RTL géintiwwer confirméiert, datt se d'accord mam proposéierten Ordre du Jour ass a sech oppe fir Diskussioune seet.
 
6 Punkte ginn deemno RTL-Informatiounen no beschwat, mat virop schonn den 2 Punkten, déi fir déi meescht Emotioune kéinte suergen: de Sozialdialog an d'Kollektivverträg, wou d'Gewerkschaften hir Prérogative fir dës ze verhandelen, wëllen erhale gesinn. Weider Punkten um Ordre du jour sinn d'Sonndesaarbecht an d'Ouvertureszäiten am Commerce, déi jo solle liberaliséiert ginn. Duerno steet d'Aarbechtszäit-Organisatioun um Menu vun den dräi Sozialpartner, dann eréischt de Pensiounssystem an als leschte Punkt dann d'Diskussioun iwwer d'EU-Direktiv iwwert de soziale Mindestloun.
 
Eng Reunioun, déi am Staatsministère ass a sech jee no der Dauer vun den Diskussiounen nawell kéint an d'Längt zéien, virausgesat, datt net eng Säit de Sall verléisst. Vertruede sinn nieft der Regierung an dem Patronat d'Gewerkschafte CGFP, OGBL an LCGB.

Den Dag drop mécht de Premier Frieden dann en éischte Bilan vun de Gespréicher, déi no méintelaangem Blockage geschéien, wann hien an d'Chamber geet. Do ass am spéide Moien eng Deklaratioun vum CSV-Staatsminister virgesinn.

Eisen Informatiounen no besteet d'Regierungsdelegatioun aus 8 Leit. Fir d'CSV sëtzen de Premier Luc Frieden, de Finanzminister Gilles Roth, d'Sozialministesch Martine Deprez an den Aarbechtsminister Georges Mischo um Dësch. 
Fir déi Liberal sinn de Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel, den Ekonomiesminister Lex Delles, den Educatiouns- a Logementsminister Claude Meisch an de Familljeminister Max Hahn present.