Ierpeldeng ka sech net op ee Jo zur Fusioun eenegen
© Marc Hoscheid / RTL
Wärend den Dikrecher Gemengerot am Vott ëm Fusiounsgespréicher e Méindeg unanime Jo gesot huet, gouf et zu Ierpeldeng eng Patt-Situatioun.
Nom Nee vu Bettenduerf zur Nordstad-Fusioun mussen déi véier aner Gemengen Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng-Sauer a Schieren eng nei Déliberation concordante unhuelen, an deem se sech fir Fusiounsgespréicher ausschwätzen.
Wärend den Dikrecher Gemengerot e Méindeg unanime Jo gesot huet, gouf et zu Ierpeldeng eng Patt-Situatioun. Vun den 9 Conseilleren hunn der 4 dofir (Giovanni Ferigo, Claude Gleis, Frank Kuffer a Léa Schaeffer) 4 dogéint (Max Blom, Laurent Lacour, Gilbert Leider a Carlo Tessaro) gestëmmt, wärend 1 (Pol Michels) sech enthalen huet. Domadder ass den definitive Vott op déi nächst Gemengerotssëtzung no der Summervakanz verréckelt.






E Méindeg den Owend ass sech dann de Gemengerot vun Ierpeldeng net doriwwer eens ginn, ob ee weider un de Gespréicher iwwert eng Nordstadfusioun deelhuele wëllt. Um Enn hu véier Conseillere mat Jo a véier Conseillere mat Nee gestëmmt, wärend sech een enthalen huet. Obwuel an der nächster Sëtzung d'Stëmm vum Buergermeeschter, dee mat Jo gestëmmt huet, bei deem selwechte Resultat duebel ziele géing, gesäit hien d'Fusioun tëscht Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng a Schieren awer elo a grousser Gefor.
Bettenduerf si mer lass, da kann et lo endlech richteg mat de Fusiounsgespréicher lassgoen. Wa sech d'Vertrieder vun deenen anere véier Nordstadgemengen dat geduecht hunn, dann hate se d'Rechnung ouni de Pol Michels vu Bierden gemaach. Hate beim leschte Vott zu Ierpeldeng nach fënnef Conseillere fir d'Gespréicher a véier dogéint gestëmmt, sou huet de Pol Michels sech enthalen an et koum zu enger Patt-Situatioun. Grond fir de Géigewand fir d'Fusioun ass e Wandrad, dat vun der Societéit Nordenergie op Ettelbrécker Gemengenterrain net wäit ewech vu Bierden gebaut soll ginn a géint dat sech vill Bierger wieren, wéi Pol Michels erkläert.
"Als Gewielten huet een och eng Responsabilitéit vis-à-vis vu senge Bierger an als Bierdener geet dat Gedauschs zu Bierden sécher net einfach laanscht mech, ech kann dat net ignoréieren. Ech war an deene leschte Gemengeréit, ech wëll net soe rosen, mee awer sinn ech onzefridden, wéi dat an deene leschte Méint a Jore gelaf ass. Als Gemengeconseiller huet ee leider net déi Drockmëttel vis-à-vis vun den Nopeschgemenge wéi am Schäfferot, well do si mer net wierklech weiderkomm an esou dinn ech mech lo och schwéier einfach ze soen, 'Jo, ech stëmmen dat weider mat.'"
Dobäi wier hie perséinlech awer der Meenung, datt et wichteg wier, datt d'Bierger an engem Referendum no hirer Meenung gefrot ginn. De Schäffe Frank Kuffer konnt de Frust iwwert d'Virgoe vun Ettelbréck an Dikrech am Dossier Wandrad zwar novollzéien, ma dat Thema dierft een awer net mat der Fusioun vermëschen.
"Et ass a mengen Ae wierklech naiv ze mengen, wa mer haut géint d'Nordstadfusioun stëmmen, wa mer haut géint d'Nordstad stëmmen, mengt Dir, da géing de Projet Wandmille muer zeréckgezu ginn? Ass iergendee, deen dat wierklech gleeft? Sorry, deen ass naiv. An da muss ech soen, dat hunn ech schonn déi leschte Kéier gesot, dat bedaueren ech, mee no eise Gespréicher mat Ettelbréck an Dikrech maachen ech mir iwwerhaapt keng Illusioune méi, ausser d'Geriichter stoppen et, mir kréien et net méi gestoppt, ausser d'Geriichter stoppen et, gëtt déi Wandmille gebaut."
Vum Conseiller Laurent Lacour war et d'Reaktioun, et géing ee sech och net erwaarden, de Bau vum Wandrad mat engem Nee zur Fusioun ze stoppen. Ma et misst ee sech awer net och nach mat engem bestueden, deen esou mat engem ëmgeet.
De Buergermeeschter Claude Gleis huet sech immens enttäuscht gewisen an esouguer dee ganze Fusiounsprozess a Fro gestallt.
"Ech stelle lo haut just eppes fest, Ierpeldeng huet lo haut eng Pattsituatioun hei. Mir leen eis ëmmer selwer Steng an de Wee, lo ass et Ierpeldeng, et war eng Kéier Bettenduerf, lo fänkt Ierpeldeng un. Bon, wa mer sou weiderschaffen, da sinn ech mer och net sécher, ob mer den Timing kënnen halen. Ech wäert mech lo muer de Moie mat menge Confrère vu Schieren, Ettelbréck an Dikrech zesummesetzen an da kucke mir, wéi mir dat dote weiderféieren. Well wa mir net de Soutien hunn aus engem Gemengerot, da gëtt et richteg richteg schwéier."
Theoretesch kann den Ierpeldenger Gemengerot a senger nächster Sëtzung no der Summervakanz nach eng Kéier ofstëmmen a wann d'Resultat dann nees dat selwecht wier, géing dem Buergermeeschter seng Stëmm duebel zielen. Ob hien dann nach eng Kéier mat Jo stëmme géing, wéisst hien elo awer nach net, esou de Claude Gleis. Am Fong ass geplangt, datt d'Bierger vun den Nordstadgemengen am Joer 2027 iwwert d'Fusioun ofstëmmen an dës, am Fall vun engem Jo, 2029 Realitéit gëtt.
Dëse Mëttwoch wäert de Schierener Gemengerot iwwert déi selwecht Déliberation concordante ofstëmmen, déi nächst Woch e Méindeg ass et dann un Ettelbréck.