Am Lokale mellt de CGDIS zwee Blesséierter e Méindeg den Owend no 18.30 Auer, wéi sech tëscht Elleng-Gare a Réimech zwee Gefierer ze pake kruten.

Nieft de lokale Secouriste vu Réimech, Munneref, Diddeleng a Beetebuerg war och de Rettungshelikopter op der Plaz.

Géint 20.45 Auer war tëscht Kielen a Keespelt en Auto an e Potto gerannt. Och do goufen zwou Persoune blesséiert.

En Dënschdeg de Moien ass dann een Auto op der RN23 tëscht der Kimm a Roumecht agerannt. Heibäi gouf eng Persoun blesséiert. D'Pompjeeë vu Bauschelt an eng Ambulanz vu Wolz waren op der Plaz.