An der Caritas-Bedruchsaffär kéint et fir zwee ugeklot Männer zu engem fréizäitegen Urteel kommen - dat mellt en Dënschdeg den Owend de Radio 100,7.

Déi zwee Männer aus Bulgarien kréie reprochéiert, a Spuenien Bankkonten opgemaach ze hunn. Iwwert dës Konte wier en Deel vun den iwwer 60 Milliounen Euro transitéiert, déi bei der Caritas zejoert warscheinlech duerch de Presidententrick detournéiert gi waren.
 
Wéi d'Kolleege vum 100,7 mellen, sollen déi zwee Männer am Kader vun engem "Jugement sur Accord" eng Prisongsstrof vun 18 Méint kréien, 15 dovunner op Sursis. D’Argumenter vum Parquet fir dësen Accord wieren ënnert anerem, datt déi zwee net virbestrooft sinn an datt si bei der Enquête kooperéiert hätten. D’Decisioun, ob den Accord duerch en Urteel confirméiert gëtt oder ob déi zwee Männer sech awer engem Prozess musse stellen, fält nächst Woch.
 
An der Caritas-Affär goufen an der Suite vum Finanzbedruch bis ewell 9 Persoune verhaft. Donieft ass jo och déi fréier Finanzdirektesch vun der ONG ugeklot, well si d’Milliounen a Spuenien transferéiert huet.
 
En Donneschdeg ass iwwerdeem an der Chamber d'Orientéierungs-Debatt iwwert de Rapport vun der Caritas-Spezialkommissioun, dee vun der LSAP-Fraktiounspresidentin Taina Bofferding redigéiert gouf.