Sëllege Faillitten am Bausecteur a bei den Investmentfongen
© RTL Archiv
D'Faillitten am Grand-Duché klammen, grad ewéi d'Liquidatiounen.
De Statec confirméiert e Mëttwoch, datt d'Faillitten am éischte Semester 2025 geklomme sinn. Dat ëm 7% par rapport zejoert. Am Ganze goufe 593 Faillitte gemellt, dovun e groussen Deel (167) bei Holding-Entreprisen a Investmentfongen.
Am Bausecteur goufen et iwwerdeem 89 Faillitten, duerch déi 515 Aarbechtsplaze verluer goungen. Dës Zuele sinn am Verglach mam éischte Semester 2024 réckleefeg: -10% respektiv -35%. Am Commerce hunn ausserdeem 84 Faillitten zum Verloscht vun 186 Aarbechtsplaze gefouert, wärend am Horeca-Secteur 229 Leit bei 61 Faillitten hir Aarbecht verluer hunn.
Kloer Hausse bei de Liquidatiounen
D'Zuel u Liquidatiounen, déi zanter 2024 op engem immens niddregen Niveau louch, ass am éischte Semester 2025 ëm bal 28% geklommen, wat allerdéngs nëmmen 20 Urteeler méi wéi am éischte Semester 2024 sinn. Bal 35% vun de Liquidatioune koumen aus dem Beräich Holding an Investmentfongen.