Sozialronn bis an d'Nuecht eran - Beweegung a Punkto Kollektivverträg

© Jeannot Ries
Zanter e Mëttwoch 15 Auer si Vertrieder vun der Regierung an de Gewerkschaften am Staatsministère beieneen.
D’Regierung soll beim Kollektivvertragswiesen e Status Quo proposéiert hunn, gouf eis e Mëttwoch am freien Owend aus der Reunioun vun der Regierung mat de Sozialpartner kommunizéiert. Méi spéit am Owend ass erausgesickert, datt et net ganz esou wier. Sécher war am spéiden Owend, wéi d’Reunioun nach amgaang war, datt dee Punkt laang diskutéiert gouf an datt et Beweegung gouf. Ëmmerhin haten d’Gewerkschaften d’Iddie vun der Regierung an deem Beräich als "rout Linn" bezeechent.
D’Regierung wollt ewéi d’Patronat de Betriber erméiglechen, duerch "Accords d’entreprise" Detailer an der Aarbechtszäitorganisatioun ouni Gewerkschaften, mee direkt mat de Personaldelegéierten auszehandelen.
D’Presidentin vum OGBL Nora Back an de President vum LCGB Patrick Dury, déi sech duerch hir grouss Maniff vum 28. Juni gestäerkt fillen, hu bei hirer Arrivée am Staatsministère kloer gemaach, datt dat vum Dësch misst. Op den aneren Dossiere wieren d’Gewerkschaften awer kompromëssbereet.
Néng Ministeren, dorënner de Premier, sëtzen Stand 23 Auer nach ëmmer mat Vertrieder vu Patronat a Gewerkschaften un engem Dësch, fir ze probéieren eng Rei Sträitpunkten z’entschäerfen. Et war Mol méi lieweg an et koum zu e puer Ënnerbriechungen.
Eng Rei Dossieren sinn nach net beschwat ginn, dorënner d’Renten. Ewéi et heescht soll ee sech op eng laang Reunioun astellen.
D'Participante vun der Reunioun am Iwwerbléck:
CSV: Premierminister Luc Frieden, Finanzminister Gilles Roth, Aarbechtsminister Georges Mischo, Sozialministesch Martine Deprez, Minister fir d’Fonction Publique Serge Wilmes
DP: Vize-Premier Xavier Bettel, Educatiouns- a Logementsminister Claude Meisch, Wirtschaftsminister Lex Delles, Familljeminister Max Hahn.
OGBL: Nora Back, David Angel, Pitt Bach
LCGB: Patrick Dury, Christophe Knebeler, Francis Lomel
CGFP: Romain Wolff, Steve Heiliger, Gilbert Goergen
UEL: Michel Reckinger, Marc Wagener, Nicolas Simons
Luxembourg confederation: Carole Müller
ABBL: Yves Stein
Fedil: Marc Kieffer
Am Uschloss vun der Reunioun ass dann e Point presse vum Staatsminister. Dës gëtt hei um Site am Livestream iwwerdroen.
En Donneschdeg de Moie mécht de Luc Frieden dann eng Deklaratioun an der Chamber.