"PID generell ganz gutt vun den Dokteren acceptéiert”
Enn 2023 gouf de PID, Paiement immediat direct, zu Lëtzebuerg agefouert.
Mëttlerweil hunn 1.900 Medezinner de System, iwwer deen de Patient just nach säin Deel vun der Dokteschrechnung bezilt, installéiert. Der CNS no wären dat ronn 2/3 vun den aktiven Dokteren am Land. An der Moyenne géif se vu 1.600 Dokteren d’Woch genotzt.
An der Maison médicale pédiatrique an der Kannerklinik funktionéiert de Paiement immediat direct zanter zwou Wochen. Fir di aner 3 Maison-Medicalle soll dat geschwënn de Fall sinn, seet de Christian Oberlé President vun der CNS. D’Policlinique vum CHL wär scho PID-kompatibel, déi aner Spideeler wären am gaangen, drun ze schaffen.
Aktuell schafft d’CNS eng Konventioun mat de Psychotherapeuten aus. De Christian Oberlé hofft, datt de PID ugangs nächst Joer bei hinne kann agesat ginn.
Vun Doktesch-Säit schéngt een och éischter zefridden. Keng Rappeller méi mussen erausschécken, géif Zäit a Geld spuere, esou den Dr Sébastien Diederich, Generalist a Generalsekretär vun der Doktesch- an Zänndokteschassociatioun AMMD. An d’Patienten arrangéiert et, keng Sue méi musse virzestrecken.
Nawell gëtt et nach e puer wonn Punkten. Zum Beispill d’Ofrechnung vun den Anästhesisten, do géif et nach Verschiddenes ze klären. Och fir de Samu bräicht een nach Léisungen. Perséinlech huet den Dokter Diederich d’Erfarung gemaach, datt et e groussen Opwand ass, wann een e falsche Code am PID agëtt an dat nodréiglech verbessere wëll.
Obligatioun fir PID soll net kommen, dofir awer fir déi digital Rechnung
Obligatoresch soll de Paiement immediat direct net ginn. Weder fir d’Patienten, nach fir d’Dokteren oder Therapeuten. 10% vun den Akte kéinten och guer net iwwer de PID bezuelt ginn, erkläert de President vun der CNS. Well zum Beispill eng Kontroll virum CNS-Remboursement muss gemaach ginn.
“Wat wichteg ass, et ginn och Patienten, Assuréen, déi wëllen net, datt eng Keess hannendrun rembourséiert fir privat Grënn. Dofir kënne mer et och guer net obligatoresch maachen, well dat respektéiere mer selbstverständlech”, verséchert de Christian Oberlé.
Wat d’Dokteren ubelaangt, wären der jo ëmmer méi u Bord. De PID géif generell ganz gutt vun den Dokteren acceptéiert.
Fest steet awer, datt d’Doktere vum 1te Januar un alleguer informatesch ekipéiert musse sinn, fir hir Rechnungen digital auszestellen an de Leit de Remboursment accéléré unzebidden. Als Alternativ zum PID. Verschidden Doktere géife begréissen, wa se bis déi Méiglechkeet haten, seet de Generalsekretär vun der AMMD. An deem Fall bezilt de Patient dem Dokter seng Rechnung integral, huet dës awer dann digital an der CNS-App a ka se direkt un d'Gesondheetskeess weiderleede fir e séiere Remboursement.
Vun CNS-Säit wär dat elo schonn technesch méiglech, seet de Christian Oberlé. D’Dokteren hunn elo 6 Méint, fir sech informatesch ze ekipéieren. “Dat gëtt sportlech”, gëtt den Dr Diederich ze bedenken. "Ech weess net, ob jiddereen et hikritt bis dohinner...”
No der digitaler Rechnung soll dann och den digitale Krankeschäin an, e bësse méi spéit, déi digital Ordonnance kommen. Enn des Joers bréngt d’CNS och eng nei App eraus, déi och mam Guichet.lu funktionéiert.