An der Kannerklinik gesäit ee Kanner, déi mat méi liichte Verletzungen dovu komm wieren, wann d'Elteren d'Precautiounsmesuren agehalen hätten.

Mol kuerz mam Vëlo oder der Trottinett d’Strooss erof, bei d’Kolleegen. Och op kuerze Strecke kann eng Chute ouni Helm ënner anerem zu uerge Kappverletzunge féiere mat Bluddungen a schwéiere Sequellen, warnt d’Dr Charlotte Pierron vun der pediatrescher Intensivstatioun. “Des troubles de conscience de manière immédiate et à très long terme avoir des sequelles avec des troubles de l’attention, des troubles psychotiques ...”
 
D’Eltere missten insistéieren, datt d’Kanner den Helm undinn, ënnersträicht den Dr Claude Schalbar, Chef vun den Urgencen an der Kannerklinik. An dobäi oppassen, datt d’Gréisst stëmmt, de Casque richteg zou wär a gutt sëtzt. “Wann dat de Fall ass, da kann een di richteg schlëmm Accidenter evitéieren.” 

RTL

Och a Punkto Sécherheetsgurt sinn d’Elteren heiansdo noléisseg, esou d’Erfarung vun den Dokteren. Dobäi wier en Accident mat nëmme 50km/h vergläichbar mat enger Chute aus dem drëtte Stack. 
Ënnert de méigleche Konsequenzen: gebrache Wierbelen, schwéier Verletzungen un den Organer, Bréch am Gesiicht ...

“On a des enfants qui ont des traumas faciaux avec des fractures du visage, leur visage finit par ressembler à un puzzle et qui nécessitent des actes chirurgicaux compliqués avec des conséquences esthétiques à long terme ou cognitifs, parce que le crâne est juste derrière.” 

Dofir suergen, datt d'Kanner sech richteg ustrécken oder en Helm undinn, ass net just en Akt vu Léift, mee ka Liewe retten. Ee Message, deen der Kannerdoktesch um Häerz läit.

Wéi strécken ech mäi Kand richteg un? D’Brochure vun der Sécurité Routière