Vun der Rentrée 2026 u gëtt d'Alphabetiséierung a béide Sproochen agefouert
Vun der Rentrée 2026 u gëtt d'Optioun vun der Alphabetiséierung op Franséisch an de Lëtzebuerger Schoule vum Cycle 1.2 u schrëttweis agefouert.
D'Eltere vun de Kanner kënnen zukünfteg wielen, ob hir Kanner op Däitsch oder op Franséisch sollen alphabetiséiert ginn. D'Kanner sinn dann och just an de Sproochen - a Rechecoursen a verschiddene Gruppen. An den anere Fächer wäert et eng Mixitéit ginn.
Dräi Joer laang gouf a véier Schoule getest an evaluéiert. Elo steet fest: D'Alphabetiséierung op Franséisch an de Lëtzebuerger Grondschoule gëtt agefouert. Eng Rëtsch Virdeeler hätt een an der Evaluatioun festgestallt, dorënner och d'Stäerkung vum Lëtzebuergeschen. An dat hätt een och doranner bestäerkt, fir d'Alphabetiséierung op Franséisch an Zukunft an alle Grondschoulen anzeféieren, esou den Educatiounsminister.
De Claude Meisch:
"Mir hunn eng ganz ënnerschiddlech Schoulpopulatioun, déi ganz heterogene ass. Graff gesot, kann ee soen, datt mer nach een Drëttel vun de Kanner hunn, déi doheem Lëtzebuergesch oder Däitsch schwätzen. Mir hunn awer ee Schoulsystem, deen awer éischter nach fir déi Kanner zu 100% Prozent ausgeriicht ass. Hei maache mer elo eppes, fir deen zweeten Drëttel vun de Kanner, déi éischter Franséisch oder Portugisesch doheem schwätzen, well mer eng Alphabetiséierung au choix och op Franséisch erméiglechen."
Ee grousse Virdeel vum Projet wier deen, datt d'Lëtzebuerger Sprooch duerch dëse System méi systematesch géif gestäerkt ginn, esou de Luc Weis, Direkter vum Koordinatiounsservice SCRIPT:
De Luc Weis:
"Éischtens ass et esou, datt am Alpha-Projet d'Lëtzebuerger Sprooch eng méi grouss Bedeitung kritt, well se an den Niewefächer méi konsequent genotzt gëtt. An doduerch entsteet ee Gefill an der Klass vu Sécurité linguistique, wou d'Kanner permanent tëschent de Sprooche kënne wiesselen. An dat ass ee rise Virdeel an dem heite Projet."
Aner Virdeeler wieren och, datt déi sozial Kohesioun an den Zesummenhalt an der Klass duerch d'Mixitéit gestäerkt gëtt. D'Kanner géifen an engem Ëmfeld léieren, an deem se sech sproochlech net ofgehaange fillen, wat och d'Motivatioun fir am Cours matzeschaffe méi grouss géif maachen. Vun der Rentrée 26 u soll de Projet an alle Schoulen ulafen, esou den zoustännege Minister Meisch.
De Claude Meisch:
"De Rapport d'évaluation leet jo och ganz kloer do eng Pist vir, fir ze soen, mir mussen d'Enseignante mathuelen, d'Enseignanten preparéieren. Mir mussen awer och d'Elteren mathuelen, d'Elteren informéieren, well si hunn ee wichtege Role duerno hei. An och kucken, datt mer d'Gemengen-Autoritéiten mathuelen, well et geet em vill organisatoresch Froen. Hei de System ass sécherlech een Tick méi schwiereg ze organiséieren. Mee de Rapport d'evaluation seet awer ganz däitlech, dass et derwäert ass dee Wee ze goen."






Mam Projet Alpha wéilt ee sécher stellen, datt d'Kanner an de Lëtzebuerger Grondschoulen déi selwecht Bildungschancen kréien. An deem Kader wëll een och verstäerkt an Zukunft op déi international ëffentlech Schoule setzen.
144 Kanner an de véier Pilotschoulen zu Déifferdeng, Diddeleng, an der Fiels an zu Schëffleng hu beim Projet Alpha matgemaach. Och no der Evaluatioun geet d'Alphabetiséierung op Franséisch an dëse véier Schoulen esou weider wéi bis elo.