Déidleche Motorradsaccident um Freideg zu Diddeleng
E Freideg géint 21 Auer goufen d'Rettungsekippen an d'Route de Thionville op Diddeleng geruff, well hei e Motorrad schwéier verongléckt war.
Éischten Ermëttlungen no huet de Motocyclist d'Kontroll iwwer säin Motorrad verluer, wéi hien op der Plaz en anert Gefier iwwerhuele wollt. Doduerch wier hie och mam Motorrad iwwer d'Kalifornesch Mauer gaangen. Wéi et vun der Police heescht, ass de 35 Joer ale Mann, deen a Frankräich wunnt, nach op der Plaz gestuerwen.
D'Strooss huet misste wärend de Rettungs- an Opraumaarbechte gespaart ginn. Ermëttlunge goufe vum Miess- an Erkennungsdéngscht opgeholl, fir de genaue Virgang vum Accident erauszefannen.
De CGDIS mellt dann nach weider Accidenter vum Freideg. Esou waren d'Ekippen op der A7 am Asaz, wéi sech zwee Ween ze pake kruten an eng Persoun blesséiert gouf. Och op der franséischer A31 hunn d'Rettungsdéngschter hei aus dem Land gehollef, hei blouf et awer beim Materialschued. Da gouf et awer och nach ee Blesséierte zu Mensder, wéi Zitat " en Auto an e Stee kollidéiert" sinn.