"Do hu mir näischt bäigeléiert"
30 Joer sinn et hier, datt et am fréiere Jugoslawien zum Massaker vu Srebrenica koum.
Et war dat uergste Krichsverbriechen an Europa zanter dem Zweete Weltkrich. Den 11. Juli 1995 hunn d'Truppe vum bosnesch-serbesche Generol Ratko Mladic e Genozid ugefaangen, bei deem iwwer 8.000 muslimesch Jongen a Männer ëmbruecht goufen. Dëser Deeg gëtt och hei zu Lëtzebuerg un dat schrecklecht Verbriechen erënnert, dat haut nach d'Mënsche vum Balkan spléckt.
E Monument um Lampertsbierg
Zanter en Donneschdeg huet d'Muslimesch Communautéit vu Bosnien elo och hei zu Lëtzebuerg, am Neumans Park, hir Platz, wou se Familljemember a Frënn gedenke kann.
Bouwen a Männer, déi virun 30 Joer dacks op bestialesch Aart a Weis ëmbruecht goufen. Iwwer 8.000 Affer si bis haut identifizéiert. Honnerte Mamme, Kanner, waarden awer weider op stierflech Iwwerreschter vun hirem Mann, Papp, Brudder.
Eng Ausstellung zu Wolz am Schlass
Zu Wolz am Schlass, hunn de Ferid an de Rasim, e Freideg den Owend eng Wander-Ausstellung opgeriicht, déi un d'Evenementer selwer, awer och un déi spéider Verurteelung vun engen 90 Verantwortleche vun deemools erënnert. Ervir stécht eng Foto, déi mam Titel: "Mamm vu Srebrenica" weltwäit bekannt gouf. Eng Fra, där hiert Gesiicht, vun all dem Leed markéiert, wéi verstengert wierkt.
Wéi koum et zum Massaker?
Iwwer 40.000 bosnesch Muslimen hate sech am Juli 1995 an der Industriezone bei Srebrenica a Sécherheet bruecht. Do sollten UN-Blohelmzaldoten se schützen. Ma déi liicht arméiert hollännesch Blohelmer ware séier iwwerfuerdert, wéi d'bosnesch-serbesch Truppen d'Zon ageholl hunn.
"1985 si mir mat der Schoul (vu Wolz) op Hinzert de Konzentratiounslager kucke gaangen. Dat war grausam. An do sinn och 23 Lëtzebuerger ëmbruecht ginn, massakréiert ginn. Wou dee Guide eis dat erkläert huet hei, wat do gelaf ass a wéi et do ausgesinn huet, hunn ech mir ëmmer geduecht am Kapp 'Mee wéi kann ee Mënsch dat engem undoen?' An dofir hunn ech mer gesot, dat däerf ni méi geschéien. Zéng Joer drop hu mer et erlieft. Do ass de gréisste Genozid nom Zweete Weltkrich eeben zu Srebrenica entstanen. An do gesäit een, do hu mir näischt bäigeléiert", esou de Ferid Hodzic, President vum Centre Culturel Bosniaque SLOGA vu Wolz.
1981 ass hie mat sengen Elteren aus dem sozialistesche Jugoslawien ausgewandert. De Ferid Hodzic erënnert sech gutt un d'Méint nom Massaker, wou och seng Famill hei zu Lëtzebuerg alt bis zu 20 Leit doheem opgeholl huet. De Ferid bedauert, datt dat, wat 1995 zu a ronderëm Srebrenica geschitt ass, bis haut net ganz opgeschafft konnt ginn.
"Aus de Feeler musse mer léieren. Eis feelt esou ee Willy Brand, deen aus Serbien kënnt an dee sech do knéit an dee seet einfach hei, et deet eis Leed. Mir musse viru liewen, mir mussen no vir kucken. Mee leider ass dat momentan net de Fall, mat deem momentane Serbesche Regime."
"Contre la haine, pour la justice"
Sou gouf et an de Stee gemeesselt, deen um Lampertsbierg un de Genozid erënnert. Kéng einfach Floskel. Dem Ferid Hodzic no e Message, dee grad an de Schoule misst Programm sinn.