Geschitt ass d'Accident kuerz virun 19 Auer op der A6 tëschent der Sortie Stengefort an der belscher Grenz.

Déi dräi Frae waren - éischten Informatiounen no - aus hirem Won erausgeklommen, fir e Problem un hirem Auto z'iwwerpréiwen. Eng Fra vun 49 Joer an eng vun 22 Joer aus Frankräich sinn op der Plaz un hiren uerge Blessuren gestuerwen. Déi drëtt Fra koum blesséiert an d’Spidol. D’Streck hat fir d’Rettungsaarbechte musse gespaart ginn.

D’Police sicht no Zeien, fir genee erauszefannen, wéi d’Accident geschitt ass. Wien hëllefräich Informatiounen huet, ass gebiede sech bei der Verkéierspolice per Mail un upr.sia@police.etat.lu ze mellen.

RTL

© RTL Mobile Reporter

Wéi soll ee sech bei enger Pann oder engem Accident op der Autobunn verhalen?

Wéi soll ee sech bei engem Accident oder enger Pann verhalen? Dat hu mer e Freideg de Moien nach emol beim ACL nogefrot. Wann een e Problem mam Auto huet, soll een, wann nëmme méiglech, mam Won vun der Autobunn erof an direkt déi 4 Winkeren umaachen. Wann een op der Autobunn muss hale bleiwen, soll ee sou wäit wéi méiglech riets fueren a stoe bleiwen. Am beschten natierlech an eng sougenannt Noutbucht erafueren. Nach am Auto soll een d’Warnwesten undoen a séier aus dem Gefier eraus an direkt hanner d'Leitplanken, och wann d’Wieder net gutt ass.

Wann een da bis hannert der Leitplank steet, soll een Hëllef uruffen, de Pannendéngscht, den 112 an och am beschte beim 113 Bescheed soen, datt een e Problem huet an d’Plaz wann néideg kann ofgeséchert ginn.*

Pann oder Accident op der Autobunn: Hiweiser vum ACL

* An enger viregter Versioun hate mer stoen, et sollt och e Warndräieck opgestallt ginn, op der Autobunn ass dat awer net obligatoresch an do ass et och am beschten, sech net nach laang op der Strooss opzehalen.