D'Caritas ee Joer drop: "Et war e schwéiert Joer"
Dat seet d’Nathalie Frisch, Member vum Verwaltungsrot vun der Fondatioun Caritas e Freideg am RTL-Interview.
Viru bal genee engem Joer huet d’Affär Caritas ugefaang: 61 Milliounen Euro goufe verontreit – e Vertrauensverloscht, deen de ganze soziale Secteur am Land bis haut nach ëmmer schwéier trëfft.
Mat der neier Organisatioun HUT – Hëllef um Terrain goufen d’Aktivitéiten an och de Gros vum Personal vu Caritas Lëtzebuerg iwwerholl. Um administrativen Niveau ass allerdéngs nach laang net alles ofgeschloss: Decomptë mussen nach gemaach ginn, Konte mussen ofgewéckelt ginn a Creancen zeréckbezuelt ginn.
D’Situatioun wier dramatesch gewiescht, souwuel fir d’Beneficiairë wéi och fir d’Salariéen. Bis Enn des Joers wëll ee gewëssen administrativ Prozeduren ofschléissen, besonnesch d’Loyere sollen nobezuelt ginn, mee déi finanziell Mëttel si limitéiert, esou d'Nathalie Frisch:
"Dat ass ganz oft esou, wann ee wierklech an enger Situatioun ass, wou ee mam Réck bei der Mauer steet, da sinn d'Leit, déi bereet sinn, fir do ze hëllefen, op enger Hand ofzezielen. An ech mengen, hei war jo nach eng Kéier déi éischt Prioritéit och, datt d'Aktivitéite géife weidergoen an och d'Salariéë weider eng Plaz hätten an datt deen Deel scho mol konnt fir déi national Aktivitéite gemaach ginn. Ech mengen, do si mer scho ganz frou driwwer, mee et wär awer flott gewiescht, wann einfach op gewëssenen anere Punkte méi Ënnerstëtzung do gewiescht wär. Ganz kloer."
Wéi hätt d’Caritas besser kéinten ënnerstëtzt ginn? Dat war och Theema an der Debatt ronderëm de Caritas-Spezial-Rapport an der Chamber d’lescht Woch. Kritik gouf et jo säitens der Oppositioun, datt de Premier ze séier an iwwerstierzt der Caritas de Finanzkrunn zougedréint hätt. Eng Reaktioun, déi d’Nathalie Frisch awer novollzéie kann:
"Dat war eng absolut normal Reaktioun an och menger Meenung no déi richteg Reaktioun an där Kris. Duerno wär et gutt gewiescht, wa méi séier en Deblockage komm wär, fir datt een hätt kënne méi einfach entweeder eng Ofwécklung maachen oder vläicht eng aner Léisung fannen. Ech soe vläicht, well och do gëtt et keng Garantie."
Déi vill Prozeduren an oniwwersiichtlech Reegele géifen d’Aarbecht um Terrain onnéideg méi schwéier maachen. Dowéinst géifen d’Acteuren dacks evitéieren, eppes ze soen oder ze maachen, well d’Prozeduren ze komplizéiert wieren:
"Wat ganz wichteg ass, dat ass einfach, mir bräichte vill méi gesonde Mënscheverstand, well dat ass eppes, dat ka keng Chamberkommissioun änneren, dat kann een net an engem Gesetz änneren, mee wann ee verschidde richteg Reflexer zum richtege Moment gehat hätt, sech selwer e bëssen iwwerwonnen hätt, fir d'Initiativ ze huelen, fir op en aneren Niveau ze goen an ze soen hei, ech mengen, do ass iergendeppes, do ass e Problem."
De Secteur hätt ënnert dëser Affär enorm gelidden, der Nathalie Frisch no missten dowéinst nees déi wichteg a gutt Aarbecht vun de villen engagéierte Leit, déi am Secteur aktiv sinn, am Fokus stoen.