Lëtzebuerg ass beim Schall méi streng wéi d'Nopeschlänner

Bis elo bedreift Nordenergie ee Wandrad um Territoire vun der Ettelbrécker Gemeng beim Karelshaff. / © Marc Hoscheid
D'Distanz zur Uertschaft an der Gemeng Ierpeldeng wier grouss genuch, datt d'Bierger keng Repercussioune spieren.
Verschidden Ierpeldenger Conseilleren an och d'Biergerinitiativ vu Bierden reprochéieren den Nopere vun Ettelbréck an Dikrech, d'Wandrad, genee wéi dat um Karelshaff, bewosst no un der Gemengegrenz ze bauen. Dee Virworf weist den Direkter vu Soler, Paul Zeimet, awer zeréck.
"Also do si mer Affekot vun all eenzeler Gemeng, an all deene Joerzéngten, wou mer ënnerwee sinn, setze mir néierens eng Wandmillen hin, nëmme well se no un d'Nopeschgemeng soll grenzen. Et ass einfach eisem Restriktiounsverfare geschëlt, wou mer soen, do sinn déi beschte Sitten, dat ass oft den Netzuschloss, et ass d'Topographie an do spille sou vill Elementer mat, mee et ass ganz sécher net fir se sou wäit wéi méiglech vun enger Gemeng ewech an enger Nopeschgemeng virun d'Nues ze setzen. Dee Gedanke war hei ni iergendwéi am Spill."
Op d'mannst 300 Meter muss ee Wandrad vun enger Uertschaft ewech stoen. Ma well dat virun allem bei deene groussen Anlagen dach zimmlech no wierke kéint, wier een néierens méi no wéi 750 Meter. Den Haaptkrittär, deen doriwwer decidéiert, wéi eng Distanz agehale muss ginn, ass den Schall, wéi de Paul Zeimet erkläert.
"Mir dierfen Nuets net méi wéi 37 dB(A) op den äusserste Punkt vun engem PAG emittéieren an dat ass am Fong vill méi streng wéi am Ausland. Entspriechend gesäit ee bei eis och manner Anlage ronderëm d'Dierfer stoe wéi zum Beispill an der Belsch oder an Däitschland. Dat heescht, dat ass ee strenge Krittär an deen definéiert dann am Fong iwwert dee Grenzwäert, wéi no een un een Duerf oder den äusserste Punkt vun engem PAG kann erugoen."
Datt zu Lëtzebuerg, anescht wéi zum Beispill a Bayern, net déi sougenannten 10H-Reegel gëllt, déi beseet, datt d'Distanz op d'mannst zéng Mol der Héicht vum Wandrad entsprieche muss, géing dorunner leien, datt zu Lëtzebuerg am Normalfall kee ganze Wandpark, mee just eng Anlag gebaut gëtt. Bei Soler ënnersträicht een dann och, datt et kee wëssenschaftleche Beweis dofir géing ginn, datt Infraschall vu Wandrieder krank mécht.
Wat de Schiet ugeet, deen d'Wandrad wërft, kéint een d'Anlag ouni Problem zu deenen Zäiten ausschalten, wann deen d'Nopere stéiert. Mee den eegene Berechnungen no dierft de Schiet zu Bierden kee Problem sinn.

© Marc Hoscheid
Aus dem Ierpeldenger Conseil koum rezent d'Kritik, datt "Wandpark Nordenergie" elo och ee Wandrad op Dikrecher Territoire tëscht dem Fridhaff an Angelduerf opriichte wëllt. Dobäi wier déi Plaz an der Zäit ni als potenzielle Site genannt ginn. Bei Soler verweist een iwwerdeems op déi permanent technologesch Entwécklungen, duerch déi op eemol Sitten interessant géinge ginn, déi dat e puer Joer virdrun nach net waren. Et géing awer och nach aner Erklärunge ginn.
"Dat kann och bei Aarteschutz sinn, dat kann duerchaus sinn, datt d'Nascht vun engem Rotmilan viru 5 Joer besat war, datt do vläicht Sitten net méiglech waren a wann Experten haut erausginn, si vläicht och Sitten, déi viru 5 Joer aus Aarteschutz net gaange sinn, déi haut op eemol rëm ginn. Et ass also ëmmer nëmmen eng Siicht op elo."
Den Energiedësch hätt et zudeem méiglech gemaach, datt Anlagen an Zukunft méi no un Industriezonen a Stroosse gebaut dierfe ginn. Am konkrete Fall vum Wandrad tëscht dem Fridhaff an Angelduerf wier de Site duerch een neie Bëschwee méi accessibel wéi nach virun enger Partie Joren.
D'Kritik, datt et un engem Energiekonzept fir déi ganz Nordstad feelt an et falsch war, Ierpeldeng net un Nordenergie ze bedeelegen, léisst de Paul Zeimet just zum Deel gëllen. Et hätt een d'Dier fir Ierpeldeng virun enger Partie Joren nämlech duerchaus opgemaach.
"Mir hate vun Ufank un, wéi mer 2018 am Schäfferot waren, gesot, datt dat eng Optioun wier. Dat ass och du begréisst ginn, mee dono ass Covid komm an dono ass eng Biergerinitiativ komm an dunn ass och vläicht net méi genuch matenee geschwat ginn. Do kann, Stand haut, sécherlech jidderee bëssi Waasser a säi Wäin schëdden, mee trotzdeem war den Austausch do."
Mëttlerweil beschäftegt den Dossier vum Wandrad bei Bierden och d'Justiz. D'Biergerinitiativ hat dräi Plainten agereecht. Wärend se op engem Punkt Onrecht kritt huet, dierft déi nächst Decisioun am September falen. Dat lescht Urteel gëtt da réischt d'nächst Joer am Fréijoer gesprach. Enn vun dësem Joer decidéieren awer schonn déi Ierpeldenger Bierger, ob se wëllen, datt d'Gespréicher iwwert eng Nordstadfusioun weiderlafen.
Bei Soler leet een iwwerdeems Wäert dorobber, ze ënnersträichen, datt et sech beim Sträit ëm d'Wandrad bei Bierden ëm eng Ausnam an net ëm d'Reegel handelt. Generell wier d'Akzeptanz an der Populatioun vis-à-vis vu Wandkraaftanlagen nämlech queesch uechter d'Land zimmlech grouss.