UEL a Minister bedaueren, datt Gewerkschaften net um CPTE deelhuelen
De Michel Reckinger wéi och de Georges Mischo bedaueren d'Decisioun vun de Gewerkschaften. Ëmmerhi war festgehale ginn, am CPTE zesummenzeschaffen.
Michel Reckinger: "Mir hunn ni d'52-Stonnewoch gefrot"
De President vun der UEL Michel Reckinger fënnt d’Decisioun vun der Gewerkschaftsunioun "regrettabel a schued". Hie seet, et hätt ee sech an der éischter Sozialronn d’Wuert ginn, am CPTE iwwer d’Detailfroe vun der Aarbechtsorganisatioun ze schwätzen. An dat hätt sollen am Oktober iwwer d’Bün goen. Fuerderunge vun de Patrone géifen zum Beispill d'Zäite vun de Pause betreffen.
"Dass een haut muss just eng Paus pro Dag dierfe maachen, woubäi awer ganz vill an der Organisatioun zwou, dräi Pause besser sinn, wann een Homeoffice mécht. Dass een da ka fir d'éischt Homeoffice maachen, dann no dem Stau op de Büro fueren an dann owes heem fueren oder mëttes heem fueren an dann owes nach eng Kéier doheem schaffen. Dat geet mam haitege Gesetz net", konstatéiert de President vun der UEL. "An et si ganz pragmatesch Saachen, déi mer gären hätten, déi sollen definéiert ginn."
Hie bestreit, datt d’Patrone Fuerderungen am Zesummenhang mam Congé parental oder dem Congé de Maternité gemaach hätten, esou wéi d’Gewerkschaftsvertrieder en Donneschdeg behaapt haten, wéi se no den Enjeue vun deenen Negociatioune gefrot goufen.
"Mir hunn och ni d'52 -Stonnewoche gefrot", präziséiert de Michel Reckinger. "Ech weess net, wou dat hierkënnt. Also do si mer wäit ewech vun deem, wat eis do virgeworf gëtt. Wéi gesot, mir si pragmatesch Problemer, déi ganz spezifesch sinn, wou mer gesot, hei do hätte mer gären eng Léisung. Mir hunn haut Problemer am Commerce, dass eng, een dee Samschdes schafft, dass ee Méindes muss fräihuelen, obwuel e vläicht gär Mëttwoch fräi hätt. Dat si ganz spezifesch Punkten, wou mer gären aner Léisungen hätten, fir dass en am Betrib besser organiséiert gëtt. Dat ass näischt Béises. Dat ass esou e Salarié. An dat ass dat, wat mer gären diskutéieren."
Georges Mischo: "Ech sinn [...] traureg, datt se net kommen"
Och den Aarbechtsminister Georges Mischo bedauert, datt d’Gewerkschaften net an de Comité permanent du Travail et de l’Emploi wëlle kommen. Nom Regierungsrot e Freideg de Moie sot de Georges Mischo, änlech wéi de Michel Reckinger, dat een d'Aarbecht am CPTE am Fong esou an de Sozialronnen hat.
"An ech sinn am Fong elo dovun ausgaangen, dass mer, sou wéi mer festgeluecht haten, géifen eng Reunioun elo vum CPTR aberuffen, wou mer iwwer d'Aarbechtszäitorganisatioun géife schwätzen," seet de Minister. "Esouwuel mat de Patrone wéi awer och mat de Gewerkschaften. An elo ass gëschter eeben d'Nouvelle komm vun de Gewerkschafte vum OGBL a vum LCGB, dass se net wëlle kommen. Dat bedaueren ech an ech sinn op eng gewësse Weis awer och traureg, dass se net kommen.”
Hie géif déi nächst Woch am Agenda kucken, wéini hien d’Sozialpartner kéint invitéieren, fir iwwer d’Aarbechtszäitorganisatioun ze schwätzen. Op d’Fro, wat seng Iddie fir Ännerunge bei der Aarbechtszäitorganisatioun wieren, huet den Aarbechtsminister geäntwert, et misst een de Salarié an de Mëttelpunkt stellen.
"Dat ass nämlech dat Allerwichtegst. An ech mengen, d'Aarbechtswelt huet déi lescht 10, 20, 30 Joer komplett evoluéiert. Den Aarbechtsmarché, deen evoluéiert op enger enormer Vitess. An ech mengen, dass mer do kucke mussen, wat d'Iddie vum Patronat a vun de Gewerkschafte sinn, fir do gemeinsam e Konsens ze fannen, fir dass mer de Salariéen déi beschtméiglech Aarbechtsbedéngunge kënne schafen. An ech hunn elo nach keng festgefueren Iddien. Ech mengen, ech loosse mech elo mol, wéi soll ech soen, vun de Gewerkschaften a vum Patronat vun hiren Iddie vläicht iwwerzeegen. An da kucke mer, wéi et weidergeet."
LSAP dréckt Gewerkschafte "vollst Versteesdemech" aus
D'Oppositiounspartei LSAP dréckt den zwou Gewerkschaften no enger Reunioun mat hinnen hiert vollst Versteesdemech aus. An engem gemeinsamen Communiqué mat der Unioun vun de Syndikater gëtt betount, déi vun der Regierung organiséiert Sozialronne wären eng Farce gewiescht. D'CSV an DP hätten d'Resultater scho virun der Reunioun definéiert gehat.
D'Sozialisten hoffen, dass d'Regierung elo mat enger anerer Kompromëssbereetschaft an d'Negociatiounen am Quadripartites-Format géif eragoen, wou et jo ëm d'Gesondheetskeess geet.