Ministèrë wénken ëmstridden Ännerunge vum Schierener PAG duerch

© Marc Hoscheid
Duerch déi Decisioun gëtt een Terrain vum fréiere Buergermeeschter André Schmit zu Bauland.
2019 war den deemolege Buergermeeschter vu Schieren, André Schmit, wéinst engem Sträit mam Innen- an Ëmweltministère iwwert den neie PAG zeréckgetrueden. Enn d'lescht Joer krut hie viru Geriicht Recht an elo hunn déi zwee Ministèren hire Widderstand definitiv opginn. D'Begrënnung ass awer e bëssi speziell.
"Ech hoffe lo just, datt déi zwee Ministeren, déi elo gefuerdert sinn, den Här Gloden a spéider den Här Wilmes, eng Asiicht hunn an d'Decisioun vum Schierener Gemengerot am Sënn vun der Autonomie communale approuvéieren."
Dat hat den André Schmit Enn Mäerz no enger Sëtzung vum Schierener Gemengerot gesot. Do war unanime decidéiert ginn, datt ënnert anerem een Terrain um Lehberg, deen dem fréiere Gemengepapp gehéiert, als Bauland klasséiert soll ginn.
Dat war am Fong schonn 2018 virgesinn, ma deemools hat den Inneministère säi Veto ageluecht an domadder gedreet, dee ganze PAG ze verwerfen. Dat mat der Begrënnung, et géing doduerch zu engem "Développement tentaculaire" vun der Uertschaft kommen. Dogéint hat den André Schmit geklot an op der Cour administrative Recht kritt. An zwee Urteeler hat et geheescht, den Inneministère hätt mat senger Menace, dee ganze PAG ze verwerfen, géint d'Gemengenautonomie verstouss.
Elo hunn esouwuel den Inne- wéi den Ëmweltministère d'Decisioun vum Schierener Gemengerot validéiert. Am Januar war een am am Inneministère nach dovun ausgaangen, datt et 3 bis 5 Joer dauere kéint. Dono gefrot, firwat een déi Decisioun elo sou geholl huet, huet ee beim Inneministère op déi zwee Urteeler vun der Cour administrative verwisen. Dorobber higewisen, datt d'Geriicht awer guer net um Fong, mee just op der Form geurteelt huet, war et dunn d'Äntwert:
"Vu dass op deem Site schonn Haiser stinn, hu mir hei d’Gemengenautonomie gëlle gelooss an hunn der Gemeng hir Decisioun approuvéiert." Dat kann een e bëssi verwonneren, well 2018 stoungen op deem Site och schonn Haiser.
Vum Ëmweltministère war et op déi selwecht Fro iwwerdeems dës Äntwert:
"De Ministère des Affaires Intérieures huet déi Erweiderung vum Bauperimeter, no Urteeler vun der Cour administrative iwwert den Oflaf vun der Prozedur fir de PAG vu Schieren schlussendlech approuvéiert, fir där Affär no ville Joren een Enn ze ginn a weider laangwiereg Prozesser ze vermeiden. Den Ëmweltministère huet sech dëser Approche ugeschloss."
D'Urteel vun der Cour administrative war iwwregens ee Präzedenzfall mat enger Wierkung iwwert Schieren eraus. Den Inneministère kann zanterhier nämlech net méi einfach ganz PAGe refuséieren, mee just nach punktuell déi Dispositiounen aus engem Projet, déi géint ee Gesetz verstoussen.
Aktuell lafen allerdéngs Iwwerleeungen, fir d'Prozedure vum PAG a vum PAP däitlech ze vereinfachen. An deem Kader kéint den Inneministère sech och eng gesetzlech Basis ginn, fir d'Gemengen opzefuerderen, ee Vott ze rektifizéieren, wann dat noutwenneg ass.