De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

Naass Iwwerraschung op der Fouer

Kal erwëscht huet et dës Woch ënnert anerem d'Leit op der Fouer, wou sech e Méindeg den Owend bemol den Himmel opgedoen huet an et a Stréime gereent huet. Wärend sech d'Situatioun um Glacis géint 20 Auer schonn nees berouegt hat, haten d'Leit op anere Plazen nach eng laang Nuecht viru sech.

Plazeweis sinn 150 Liter Reen de Metercarré erofkomm. D'Ekippe vum CGDIS waren am Laf vun der Nuecht op en Dënschdeg am Ganze 400 Mol am Asaz. Et sinn 856 Noutriff agaangen an 12 Leit goufen aus Autoe gerett. Virun allem Hamm an den Cents ware staark getraff. "Mir sinn nach mat engem bloen Aen dovu komm", esou den Inneminister Léon Gloden.

Gewerkschaften zéie sech zeréck

Nom Echec vun der drëtter Sozialronn zéien d'Gewerkschafte sech zeréck. Si géifen net um permanenten Aarbechtscomité deelhuelen, wou u sech d'Aarbechtszäitorganisatioun sollt negociéiert ginn. Ënnert der aktueller Regierung wier eng klassesch Tripartite net méiglech, esou d'Nora Back vum OGBL. De Partrick Dury vum LCGB geheit dem Premier vir, d'Verhandlunge fréizäiteg ofgebrach ze hunn. Hie kréich sech vis-à-vis vun de Patronen net duerchgesat.

D'Aarbechtszäitorganisatioun reegelt, wéi vill a wéini muss geschafft ginn. Ma d'Patronatsvertrieder géifen net just Saache wéi de Congé parental oder de Congé de Maternité a Fro stellen, ma och d'Wochenaarbechtszäiten: "Haut däerf ee Maximum 48 Stonnen an der Woch schaffen, dat ass hinnen ze mann, si wëllen déi eropsetzen, 52 Stonne si gefall." 

D'Woch op RTL vum 12. September 2025
Kelleren ënner Waasser, russesch Dronen iwwer Polen an eng komplett Mounddäischtert.

Russesch Dronen am Himmel iwwer Polen

Schreckmoment dës Woch, wou an der Nuecht op e Mëttwoch 19 russesch Dronen an de polnesche Loftraum agedronge sinn. De polnesche Premierminister Donald Tusk huet doropshin den  Artikel 4 vun der NATO aktivéiert, fir sech en urgence mat deenen anere Membere vum Bündnis ze beroden.

Iwwerdeems starte Russland a Belarus dës Woch och e Militärmanöver net wäit vun der NATO-Grenz ewech. Den UN-Sécherheetsrot huet eng Drénglechkeetssëtzung aberuff.

Äddi Fouer!

No 20 Deeg ass e Mëttwoch d'Fouer op en Enn gaangen. Zelebréiert gouf den Ofschloss mat engem grousse Freedefeier. Déi 685. Editioun vun der Schueberfouer huet och dëst Joer erëm eng ronn 2 Millioune Visiteuren ugezunn. 213 Foraine ware vertrueden.

Elo wou d'Fouer eriwwer ass, steet um Glacis awer nach e bëssen Aarbecht un. D'Fuergeschäfter mussen nees ofgebaut ginn an de Parking propper gemaach ginn. Mir hunn der Botzekipp vun der Stad Lëtzebuerg een Dag bei hirer Aarbecht op der Fouer begleet. Eleng zejoert goufen op der Fouer knapp 240 Tonnen Dreck gesammelt.

Neie Streckeradar op der N15?

Nom schroen Accident mat fënnef Doudege préift de Mobilitéitsministère elo, ob op der Streck ee Streckeradar kéint installéiert ginn. Wéini de Radar op der N15 tëscht Nidderfeelen an der Fuussekaul kéint installéiert ginn, misst awer nach gekuckt ginn, esou d'Ministesch Yuriko Backes. Op där Streck géing séier gefuer ginn a si géing sech an der Obligatioun gesinn, sech déi dote Plaz genee unzekucken.

Trump-Supporter Charlie Kirk wärend Ried erschoss

E Mëttwoch den Owend eiser Zäit koum et um Campus vun der Utah Valley University zu engem bluddegen Attentat. Wärend hie virun e puer Dausend Spectateuren eng Ried gehalen huet, gouf op den 31 Joer ale rietsen Aktivist Charlie Kirk geschoss. Hien huet net iwwerlieft.

Den Charlie Kirk stoung dem US-President Trump ganz no an hat eng bedeitend Roll, besonnesch am Ëmgank mat der Jugend an der MAGA-Beweegung. Wärend den US-President Donald Trump nach bis e Sonndeg d'Fändelen op Hallefmast fléie léisst, huet den FBI Fotoen an e Video vun engem Mann publizéiert, dee si als "Person of interest" am Mordfall vum Trump-Supporter Kirk bezeechnen.

Komplett Mounddäischtert iwwer Lëtzebuerg

E Sonndeg den Owend konnt een um Himmel iwwer Lëtzebuerg tëscht 20 an 21.50 Auer ee seelent Phänomeen gesinn: eng komplett Mounddäischtert. Eis Lieser ware ganz fläisseg uechter d'Land ënnerwee an hunn eng ganz Rei Fotoe vum "Bluttmound" geschéckt, dee sech ënnert dem Schied vun der Äerd fir eng kuerz Zäit verdäischtert huet.

Eng Refugiésfamill zu Lëtzebuerg muss zeréck

2022 ass d'Famill mat véier Kanner aus Algerien op Lëtzebuerg geflücht. D'Kanner hu sech antëscht gutt agelieft: Déi zwou eelsten Duechtere vu 14 a 16 Joer sinn an engem Lycée classique. De Jong vun 12 Joer schwätzt gutt Lëtzebuergesch a gehéiert a sengem Sportveräin zu deene Beschten.

Ma domat ass geschwë Schluss: Enn nächste Mount ass d'Famill gezwongen, Lëtzebuerg ze verloossen an zeréck an Algerien ze goen. De Papp ass besuergt: An Algerien wéilt een hien als Ex-Militär an de Prisong bréngen.

De ganzen Artikel fannt Dir hei.